Afrikanesch Schwéngspescht an Krisemesuren vun der Regierung

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 466

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech des parlamentaresch Fro iwwert déi afrikanesch Schwengspescht un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Am Kader vun der afrikanescher Schwengspescht déi no un der lëtzebuerger Grenz an der Belsch nogewise ginn ass huet Regierung decidéiert eng éischter méi erwaardend wei proaktiv Positioun anzehuelen.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Minister fir Ëmwelt folgend Froen stellen:

 

  • Ass de Staat, am Fall wou Schwengspescht hei ma Land nogewise gëtt, am Besetz respektiv ass séchergestallt, dass séier een Drot kann opgestallt gi fir d’Infektiounsplaz groussraimeg ofzegrenzen?

 

  • Gett et eng Aart Krisenhandbuch fir all Acteuren aus der Landwirtschaft (Ziichter, Transporteuren etc) am Fall wou Schwengspescht hei am Land nogewise gëtt?

 

  • Kennt et am Fall wou Schwengspescht hei am Land nogewise gëtt zu engem generellen Export-Stop vun Schwengefleesch ?

 

  • Wei gëtt kontrolléiert op déi bestoend Preventiounsmesure vun alle Schwengshalter op professionell oder net agehale ginn ?

 

  • Wei ass Positioun vun der Regierung zu enger «prime d’abbatage» fir all Wëllschwäi wat fonnt gëtt respektiv an der iwwerwaachten Zone geschoss gëtt ?

 

  • Ass den den « Worst case » Szenario schonn eng Kéier vun all betraffene staatleche Servicer duerchgespillt gi fir ze kucke wei gutt eist Land op ee méigleche Fall vu Schwengspescht fir bereet ass? Wa jo wat ware Resultater ? Wa nee firwat net ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck