Wéi weit ass de Ministère mat der Exit-Strategie vum Glyphosat, déi an Zesummenaarbecht mat all de betraffenen Acteuren um Terrain soll definéiert ginn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 346

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert de Glyphosat un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Am Kader vun enger Biergerdebatt zu Bourg-de-Péage de 24. Januar 2019 huet de franséische President Emanuel Macron matgedeelt, dass hien net dru gleeft, dass een 100% Ausstig aus dem Glyphosat innerhalb vun den nächsten 3 Joer ze realiséiere wier.

Wuertwiertlech sot hien:« Est-ce qu’on peut dire qu’il n’y a plus du tout du glyphosat dans 3 ans ? Impossible. Je ne vais pas vous mentir. Ce n’est pas vrai. Pourquoi ? Parce que si je le fais (…), je tue complètement certaines filières ». Mat dëser Ausso distanzéiert sech de President vu sengem Engagement Frankräich spéitstens an 3 Joer glyphosatfräi ze maachen.

Och Lëtzebuerg huet sech ambitiéis Zieler gesat. De viregte Landwirtschaftsminister hat ugekënnegt sou séier wei méiglech aus dem Glyphosat erauszeklammen. Am Regierungsprogramm ass festgehale gi bis den 31. Dezember 2020 dëse Produit zu Lëtzebuerg ze verbidden.

Wessend dass ee vun haut op muer net en nationaalt Glyphosat-Verbuet ëmsetze kann, wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Minister fir Ëmwelt folgend Froe stellen.

 

  • Wéi weit ass de Ministère mat der Exit-Strategie, déi an Zesummenaarbecht mat all de betraffenen Acteuren um Terrain soll definéiert ginn ?

 

  • Wéi eng Alternativen zum Glyphosat well de Ministère propagéieren ?

 

  • Si fir de Moment Alternativen an der Entwécklung déi op de Marché solle kommen ? Wann jo, wei eng Alternative wieren dat ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck