Schwéngspescht : Wéi gesäit de Bilan vun de Preventiounsmesuren aus a wéi kann de Betriber gehollef ginn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 258

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert déi afrikanesch Schwengspescht un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Och wann déi afrikanesch Schwengspescht aus de Medie verschwonnen ass, ass Gefor déi vum Virus ausgeet an de Risk vun enger Kontaminatioun mat den Hausschwäin allgéigewäerteg. Net méi spéit wei läschte Freiden ass e weidere Fall vun afrikanescher Schwengpescht am Raum Arel confirméiert ginn. De Kadaver ass an engem Besch zu Sesselich 2 Kilometer vun Arel ewech fonnt ginn, un der Limitt vun der bestoender „zone tampon“.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Minister fir Ëmwelt folgend Froe stellen.

·         Kann d’Regierung de Bilan vun de Preventiounsmesurë maachen, déi getraff gi sinn zënter de Virus eng éischte Kéier an der Belsch konnt nogewise ginn ? Wat gouf an dëser Zäit konkret fir Schwengsproduzente gemaach ?

·         Duerch de massive Präisréckgang beim Schwéngefleesch stinn eis Betriber viru massive wirtschaftleche Problemer. Wéi huet de  Minister wëlles  eis Schwengsproduzenten an dëse schwiereger Situatioun ze ënnerstëtzen?

 

·         De Präis fir d’Wëllschwäin ass déif gefall. Ginn nach genuch Schwäi geschoss fir d‘ Gefor ze reduzéieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen

Députéiert

 

Zréck