Ginn d’Geschäfter, déi zu Lëtzebuerg CBD-Produite verkafen, kontrolléiert ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 231

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un d’Madamm Minister fir de Konsumenteschutz weider ze leeden.

Cannabidiol (CBD) ass ee Cannabinoid deen an der Cannabisplanz ze fannen ass an deen am Géigesaz zum THC (Tetrahydrocannabinol) keng psychoaktiv Wierkung huet an domat legal hei zu Lëtzebuerg ass. Den CBD huet eng berouegend an entspanend Wierkung a seng positiv Effekter fir de Mënsch si bewisen. Allerdéngs ass et wichteg datt dësen CBD aus enger qualitativ héichwäerteger Produktioun kënnt. Säit e puer Méint ginn et zu Lëtzebuerg eng Rei Butteker déi CBD-Produite wéi Ueleger, Crèmen, Téi, Shampoing etc. ubidden.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

·           Ginn dës Butteker zu Lëtzebuerg kontrolléiert a sinn déi ugebuede Produite konforme mam Gesetz iwwer d’Liewensmëttelsécherheet?

 

·           Kann d’Hierkonft vun den ugebuedene Produiten novollzu ginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Emile Eicher

Deputéierten

Zréck