Sollt d’Innenaustattung vu Piscinnen (Tribunen) net och an d’Datebank vum “plan quinquennal” mat afléissen ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 229

 

Här President,

 

Sou wéi d’ Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden:

Laut eisen Informatiounen, hunn déi meescht Piscinne vu 25 Meter Längt hei am Land keng funktionell Tribüne fir d’Zuschauer zur Dispositioun. Och ass am 5 Joresplang vun de Sportsinfrastrukturen net virgesinn den Detail vun de Piscinne festzeleeë wann et em d’Innenausstattung geet.

Dëst bréngt mat sech dat wann zum Beispill Schwammkompetitioune sinn oder Kanner sech fräischwamme wëllen, d‘ Famill an d’Spectateure wärend dëser Zäit keng Méiglechkeet hunn dëst ze suivéieren aus Plazmangel.

Dobäi kennt dat och ganz oft, dat et net virgesi gëtt, dat d’Kanner, d’Athleten an d’Trainer selwer och mussen anzwousch sech ophale kennen no um Basseng teschend hire Coursen  an et quasi keng Piscinnen am  Land gi wou eng adequat oder agreabel Openthaltsituatioune méiglech sinn, souwuel fir d’Spectateure wie fir d’Encadrementspersonal an d’Athleten.

Dëst féiert esouguer heiansdo dozou, dat mobil Tribüne mussen opgeriicht ginn, déi geféierlech Situatioune mat sech bréngen, respektiv, dat Léit zesummegepercht sinn oder  stonnelaang an onagreabelen Temperature stoe musse fir d’ Athleten ze kucken.

 

An dësem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister eis des Situatioun confirméieren?

 

  • Wann jo,  ass an dësem Kontext e Konzept envisagéiert, zesumme mat der Schwammfederatioun FLNS  an de Gemenge fir eng besser Planung vun zukünftege Piscinnen?

 

  • Misst am Plan quinquennal net och dës Detailer mat gekuckt ginn?

 

  • Misst an dësem Kontext net och déi praktesch Ëmsetzung an de Piscinnen en vue vum Schwammsport an d‘Datenbank vum programme quinquennal d’équipement sportif mat afléissen ?

 

 

Mat déiwem Respekt,

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck