Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de fréiere President vum Fonds du Logement un Madamm Logementsminister weiderzeginn.
Am Mäerz 2015 ass et zu der Revocatioun vum President vum Fonds du Logement duerch déi deemoleg Wunnengsbauministesch komm. Am Raum stoungen d’Reprochë vu méiglechem Interessekonflikt respektiv “trafic d’influence” woufir eng Instruktioun opgemaach ginn ass.
D’Reprochen, datt déi betraffe Persoun vu senger Positioun als President vum Fonds du Logement abuséiert hunn, goufe kierzlech um Geriicht awer net zeréckbehalen an et ass e Non-Lieu geschwat ginn.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Logementsminister riichten.
- Wat gedenkt Mme Minister ze ënnerhuelen a Saache Rehabilitatioun vum fréiere President vum Fonds du Logement?
- Wei kennt sou eng Rehabilitatioun ausgesinn ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Lies
Deputéierten
Zréck