Ass et richteg, datt de Staat an Zukunft verstäerkt de Fokus op de soziale Mietwunnengsbau wëll leen?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 110

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Wunnengsbau un Madamm Logementsminister weiderzeginn.

An der Emissioun „Invitée vun der Redaktioun“ op RTL Radio Lëtzebuerg huet Madamm Minister gesot, dass de Staat an d’Gemengen an de kommende Jore méi baue sollen.

Zemools am Beräich vun de soziale Mietwunnenge solle méi Efforte gemaach ginn.

Vill jonk Leit sinn aktuell weider op der Sich no engem Eegenheem. Demande am Beräich vun dem Verkaf iwwert de subventionéierte Wunnengsbau ass risegrouss.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Logementsminister riichten.

 

  • Ass et richteg, datt de Staat an Zukunft verstäerkt de Fokus op de soziale Mietwunnengsbau wëll leen?

 

  • Wéi wëll Madamm Minister d’Gemengen dozou bréngen, datt si méi aktiv am soziale Mietwunnengsbau ginn?

 

  • Gëtt e Ratio fir d’promoteurs publics an d’Gemengen agefouert, wéi vill sozial Mietwunnengen a wéi vill subventionéiert Wunnenge fir de Verkaf an de kommende Joer solle gebaut ginn?

 

  • Soll den ëffentleche Promoteur “Fonds du Logement”, deen direkt ënnert der Tutelle vum Logementsministère steet, an Zukunft eventuell just nach sozial Mietwunnenge bauen?

 

  • Wei héich ass d’enveloppe budgétaire déi d’Regierung an de kommende 5 Joer wëllt am Beräich vum soziale Mietwunnengsbau ausginn?

 

  • Wei héich ass d’enveloppe budgétaire déi d’Regierung an de kommende 5 Joer fir de subventionéierte Wunnengsbau wëllt ausginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck