Ass et richteg, datt Haiser déi vum OLAI geréiert gi carrement eidel stinn? Iwwerhëlt den OLAI och de Suivi vun dësen Haiser wa Renovatiounen oder Aarbechten ustinn? Wéi ass sécher gestallt dass dës Haiser an engem baulech gudden Zoustand sinn an och bleiwen?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 72

 

Här President,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’ Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun weiderzeleeden.

Eng koherent Flüchtlingspolitik muss als Zil hunn datt d‘Demandeurs de protection internationale oder Bénéficiaires de la protection internationale ideal encadréiert ginn an hinnen och gehollef soll gi fir sech kënnen an eiser Gesellschaft z’integréieren. Et besteet allerdéngs e latente Problem u Wunnenge fir dëse Leit an  dëse Familljen eng Méiglechkeet op en autonoomt Liewen ze ginn.

An dësem Zesummenhang géif ech der Madamm Ministesch gär folgend Froe stellen:

  • Ass et richteg, datt Haiser déi vum OLAI geréiert gi carrement eidel stinn, esou zum Beispill zu Hesper 353, route de Thionville?
  • Ass et richteg, datt Haiser mat grousser Wunnfläch zu Hesper 412, route de Thionville just vun e puer Leit bewunnt ginn? Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?
  • Laut mengen Informatioune war am Flüchtlingsheem zu Hesper op 299, route de Thionville wärend 5 Woche keen assistant social vum OLAI erreechbar fir iwwert eng kommunal Zesummenaarbecht, wat d’Integratioun ugeet, ze schwätzen. Kann d’Madamm Ministesch eis dës Informatioun bestätegen? Wat ass de Grond fir d’Absence vum assistant social?
  • Iwwerhëlt den OLAI och de Suivi vun dësen Haiser wa Renovatiounen oder Aarbechten ustinn?
  • Wéi ass sécher gestallt dass dës Haiser an engem baulech gudden Zoustand sinn an och bleiwen?

 

Mat déiwem Respekt

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck