Kann den Här Minister confirméieren, datt den externen Audit iwwer den Filmfong schon ofgeschloss ass, oder éischt Konklusiounen virleien?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 4069

 

Här Chamberspresident,

 

esou ewéi et am Artikel 83 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech dës Froen iwwert de Fonds national de soutien à la production audiovisuelle un den Här Communicatiouns- a Medieminister weider ze ginn.

Am Kontext vu menger parlamentarescher Ufro (n° 4066) vu gëschter erlaaben ech mir nach zousätzlech Froen dobäi ze stellen. An senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro (n° 3792) am Juni 2018 huet den Communicatiouns- a Medieminister erklärt, datt hien en externen Audit an Optrag ginn huet, fir eng déifgräifend Analyse iwwer den aktuellen Hëllefsmechanismus, iwwer d’Verdeelungskritären an iwwer d’Organisatioun an den Fonctionnement vum Filmfong ze maachen. An der geschriwwener Press vun haut ass erauszeliesen, dass deen Audit zwar färdeg ass, ma nach net déi néideg Äntwerten op déi sëlleg Froen ginn hätt, respektiv dass een keng Informatiounen doriwwer kritt hätt.

An deem Kader géif ech dem Här Communicatiouns- a Medieminister nach gären dës Froe stellen :

  • Kann den Här Minister mir confirméieren, datt den externen Audit iwwer den Filmfong schon ofgeschloss ass, oder éischt Konklusiounen virleien?
  • Wa jo, kann den Här Minister mir soen op hien wëlles huet deen Audit ze verëffentlëchen respektiv der Chamber zur Verfügung ze stellen a falls jo, wéini?
  • Waat gedenkt den Här Minister aus de Konklusiounen vun deem Audit konkret ze maachen an a wéiengem Zäitraum?

Här Chamberspresident, mat mengem déifste Respekt,

 

Félix Eischen

Deputéierten

Zréck