Wéieng Auswierkungen huet de Brexit op den EU-Agrarbudget ?

Fir d’Äntwert vum Minister ze liesen, klickt wgl op d’Dokument hei :QP 3578

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den EU-Agrarbudget un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeginn.

Opgrond vum bevirstoende Brexit an dem Fait dass Groussbritannien de véiert gréissten Nettozueler am EU-Budget duerstellt, wäerten der EU an Zukunft wuel manner finanziell Mëttel zur Verfügung stoen. Dëse Fait riskéiert och Repercussiounen op EU-Agrarpolitik, respektiv op déi europäesch Subside fir Landwirtschaft ze hunn.

An dësem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen :

Riskéiert den EU-Agrarbudget duerch de Brexit gekierzt ze ginn ?

Wa jo, wei eng Repercussiounen hätt sou eng Kierzung op lëtzebuerger Landwirtschaft ?

Wann den EU-Agrarbudget gekierzt sollt ginn, wei kéint de méigleche Réckgang un europäesche Subside fir Landwirtschaft op nationalem Niveau opgefaange ginn ?

Ass an dësem Kontext eng national Kofinanzéierung vun de Subside fir den éischte Pilier denkbar an och ëmsetzbar ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Ali Kaes
Députéierten

Zréck