Wéini ënnerhëlt de Staat Mesure fir géint Jacobskreuzkraut virzegoen

Réponse à la question N° 3151 (Question écrite) de Monsieur Aly Kaes, Député concernant Sénéçon de Jacob, par Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs, Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement, Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures: QP 3151

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Jacobskreuzkraut un den Här Landwirtschaftsminister, un Madame Minister fir Ëmwelt an un den Nohaltegkeetsminister weiderzeginn.

Fir de Moment steet Jakobskreuzkraut a voller Bléi laanscht Stroossen, op Böschunge, Brachfläche souwéi extensiv genotzte Gréngflächen. Problematik vu dëser Planz läit an hirer Gëftegkeet, wat e Risk fir Léit a Véi kann duerstellen.

Well et sech em eng Planz handelt déi sech an de leschte Joren ëmmer méi ausgebreet huet a well se extrem schwiereg ass ze bekämpfe wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister, der Madame Minister fir Ëmwelt an dem Nohaltegkeetsminister dës Froe stellen:

  • Wéini ënnerhëlt de Staat konkret Mesure um Terrain fir géint Jacobskreuzkraut virzegoen ?
  • Wier et an dësem Kontext net ubruecht dat de Staat Equipe vu Leit géif op den Terrain schécken déi sech virrangeg em Bekämpfung vum Jakobskreuzkraut géife këmmeren?
  • Wa jo wei géif sou eng Interventioun organiséiert gi fir dass se och kéint landeswäit ugewannt ginn
  • Misst net och mat System laanscht Stroossen dës Planz bekämpft gi fir ze verhënneren, dass se sech an de Wisen an op anere landwirtschaftleche Flächen ausbreet?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Ali Kaes

Deputéierten

Zréck