Nei Verwäertungsmethod vu Gréngschnëtt

Réponse à la question N° 2699 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée, Monsieur Marco Schank, Député concernant Pêche aux lacs de la Haute-Sûre, par Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement: QP 2746


Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Verwäertung vu Gréngoffall un den Här Minister fir Nohaltegkeet an un Madame Minister fir Ëmwelt weiderzeginn.

De Staatssekretär fir Nohaltegkeet huet virum kuerzen eng nei Verwäertungsmethod vu Gréngschnëtt virgestallt. Mir begréissen ausdrécklech dass d’Ëmweltverwaltung, zesumme mam Maschinnen- a Betriebshilfsring eng Léisung fonnt huet, fir den ufalende Gréngschnëtt an der Landwirtschaft, der Forstwirtschaft an dem Wäibau weider ze verwäerten an esou Energie ze produzéieren. Den Här Staatssekretär geet dervun aus dass e mat dem ganzen Heckeschnëtt aus dem Land praktesch 600 Haiser dat ganzt Joer laang kéint hëtzen.

An deem Kader, wollte mir dem Här Minister fir Nohaltegkeet an der Madame Minister fir Ëmwelt dës Froe stellen :

Wei kennt den Här Staatssekretär zu dëser Berechnung respektiv wéi vill Heckeschnëtt fält pro Joer am Land un, wëssend dass eisen Informatiounen no eng deementspriechend Etude déi de Potential vum Gréngschnëtt soll berechnen eréischt am Mäerz 2017 soll fäerdeg gestallt ginn ?

  • Ass bei dëser Berechnung och den Energieverbrauch berechent gi vum
  • Transport vum Gréngschnatt bis bei déi zwielef regional Sammelplazen
  • Ufahrt/Offahrt vum Häckseler bei/ vun de Sammelplazen
  • Transport vum Holzhäcksel bei Verbrennungsanlagen
  • Dréchnen vum Holzhäcksel
  • Laut eisen Informatioune soll Hackselgutt weder bei eis gedréchent nach hei am Land verwäert ginn, mä et géif an d’Ausland gefouert ginn. Kënnen den Här Minister fir Nohaltegkeet an Madame Minister fir Ëmwelt eis dat bestätegen ? Wa jo, wou gëtt dat Häckselgutt hin transportéiert, gedréchent a verwäert? Firwat ass dat sou ?
  • Gett de fäerdegen Hackschnetzel verkaf, wa jo zu wéi engem Präis ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen                                           Marco Schank

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Députéiert

 

 

Zréck