Priedegt vum Här Chanoine Henri Hamus bei der Rentrée parlementaire 2016, Dënschdes, den 11. Oktober 2016

“‘t ass Kiermes am Duerf an de Spillmann ass do” – d’Lidd vum Leon Schaeler um Text vum Marcel Reuland dréckt eng gutt Lëtzebuerger Aart aus: Kiermes, d’Fest vum Weihedag vun der Kierch, gëtt mat Musek an Danz a Volleksfest gefeiert. Sou ass et zënter Joerhonnerten, sou ass et nach haut, wou Kirchweih vun der Kathedral a Fouersonndeg zesummefalen, Kierchegesank an Dréiuergel um Päerderchesspill, Klacken an Danzmusek hunn zesummegehéiert. Eng al a laang gutt Relatioun tëscht Kierch a Liewe vun de Mënschen. Fräi Deeg ginn op kierchlech Fester zréck an droen e kierchlechen Numm. Kalennerjoren a Wochen- a Joresrhythmus verleegnen net hiren Ursprong. Eng gutt Symbios, e gutt Zesummeliewe vu Kierch a Gesellschaft.

Bis dann op eemol ee Partner d’Relatioun opkënnegt. Wat laang gutt war, soll net méi modern sinn! Et gëtt d’Scheedung agereecht – aus wat fir Grënn? Den ee Partner wëllt fräi sinn – wëllt e sech anerwäerts bannen? Jiddefalls soll et zur Trennung kommen, zumindest op institutionellem Plang – steet do hannendrun de Wonsch no enger Trennung vu Kierch a Mënschen, vu Kierch a Gesellschaft?

D’Scheedung ass gefrot, Gesetzer solle se besigelen – d’Scheedung fir Koppele soll jo och méi einfach ginn: Trei an Zesummenhalen och a Schwieregkeete schéngen net vu ganz groussem Wäert ze sinn!

Wéi bei all Scheedung geet et net ouni Wéi an Tréinen, zemol bei deem Partner, deen am Stach gelooss gëtt. Bei dëser Trennung vu Kierch a Staat ass et d’Kierch, déi et uerg an haart trëfft. A wéi bei all Scheedung sinn d’Kanner déi Leidtragend: si gi souzesoe vun der Mamm getrennt an däerfe bei hir näischt méi léiere fir d’Liewen!

*

Gleeweg Chrëschten a Kierchgänger, an doriwwer raus vill Leit hei am Land, hunn dat net gewollt, sinn iwwerrompelt ginn a froen zum Deel traureg, zum Deel awer och mat décker Roserei: war dat do néideg? Firwat auserneerappen, wat joerhonnertelaang an enger gudder Symbios, an engem gudden Zesummeliewen de Mënschen e Kader gebueden huet, an deem ee sech fräi konnt entfalen? Firwat Trennung aplaz d’Relatiounen erneieren a verbesseren?

Firwat op eemol vum Staat de facto opgezwonge kréien, datt Relioun Privatsaach ass, datt Kierch a reliéis Gemeinschafte kéng Plaz méi am ëffentleche Liewen hunn, datt Kierchegebaier trotz hirer kultureller Bedeitung, trotz hirem historesche Wäert, trotz hirem geschichtlechen Temoignage keng ëffentlech finanziell Hëllef méi däerfe kréien, wa se weider als Kierch genotzt ginn.

*

Ech hunn dëser Deeg vun engem Frënd e Buch geschenkt kritt mam Titel: “Les Tisserands – réparer ensemble le tissu déchiré du monde” vum Abdennour Bidar. Den Auteur ass net Chrëscht, kann als onverdächtegen Zeie gëllen och an eiser Situatioun.

Seng Grondthes ass: an der Welt passéieren eng Millioun stëll Revolutiounen. “J’appelle Tisserands les acteurs de ces révolutions” (7). Si sinn an dräi Richtungen um Wierk an huelen dräi Verbindungen oder Fiedem op:

« Le lien retrouvé avec notre moi le plus profond, source de vitalité et d’inspiration créatrice.

Le lien retrouvé avec autrui, dans le partage équitable, la tolérance et la coexistence pacifique.

Le lien retrouvé avec la nature, fait d’émerveillement, d’éveil à la puissance de la vie, et de symbiose. »

Vill Malheur an eiser Welt an am Zesummeliewe vun de Mënsche kënnt aus dem Auserneerappen an dem Zerschneide vu Fiedem, déi an hirer Interaktioun, an hirem Anenee-Gewieft-Ginn déi Decke ginn, déi de Mënsch a sengem Liewen de Raum vun Heemlechkeet, vun Doheem gëtt. D’Existenz vum Mënsch ass fundamental eng Existenz a Relatioun: “Etre, c’est être relié”.

Ee Lien, den Auteur nennt en de “fil d’or”, verbënnt mat der “source créatrice hors univers. Là où il est coupé, la mort. Là où il ne tient plus aussi solidement ensemble les fils de l’être, la division”.

Virun deem Constat kënnen a musse mir äis froen, ob a wéi mir dee “fil d’or” haut a virun allem deene kommende Generatioune wëlle garantéieren. An ob a wéi mir iwwerhaapt dat Netz vu Relatiounen a Verbindunge knäppen, dat de Mënsch virun der Isolatioun schützt an e befreit aus der Engt vun engem Bildschierm, ob kleng oder grouss, mat enger virtueller Realitéit. De Mënsch, an absënns de jonke Mënsch, brauch Perspektiven an Horizonter, däerf een haut nach soen Idealer, fir déi et derwäert ass, ze liewen!

De Bidar schwätzt vun erneierbaren Energien. “Ce ne sont pas uniquement le pétrole et le gaz qui demandent à être remplacés. Mais, de manière complémentaire, probablement plus cruciale encore, nous aurons, pour nous nourrir nous-mêmes, besoin d’autre carburant! Nous aurons à remplacer, pour alimenter nos vies, les énergies fossiles de la société de consommation par les ressources infinies de ce que Henri Bergson appelait l’énergie spirituelle, et dont le Triple Lien est le canal”.

Haut vun Trennung ze schwätzen, réckelt da geféierlech no un eng Attitude suicidaire! Méi wéi Trennung brauche mir haut Connexion, Mise en relation, Verlinkung an als Acteure sou Wiewer, net nëmmen fir de www oprecht ze erhalen, mais fir de Mënschen déi Kanäl zougänglech ze maachen, déi lieweserhalend, lieweswichteg sinn.

“Tout ce qui est mal connecté meurt plus vite, tout ce qui n’est pas alimenté par ces sources qui le régénèrent dégénère”.

Äis läit all eppes un de Mënschen – äis läit och drun, de Mënsch net kleng ze maachen, e net ze reduzéieren op Konsum an Amusement, op Leeschtung a Rendement. De Mënsch ass Bierger vun zwou Welten, hien ass Kierper a Geescht. All Spaltung an all Eesäitegkeet ass zerstéieresch. Och déi, déi sech dem Mënsch zu Déngschte ginn, hunn all Intérêt, sech net auserneen ze dividéieren – op d’Gefor hin, och de Mënsch ze zersplécken an e krank, schizophren ze maachen.

Mir däerfen äis als Tisserandë verstoen, déi mateneen un deem Netz wiewen, dat dréit, dat e Plus d’âme garantéiert an déi wesentlech Relatiounen an enger komplexer Welt opbaut an erhält. Wéi de Bidar schreift, d’Tisserandë si sech bewosst, datt se dem Mënsch vis-à-vis nimools d’Haltung kënnen hu vun “non-assistance à personne en quête de soi”.

T’ass Kiermes am Duerf an de Spillmann ass do – et geet ëm eng eescht Saach, fir déi mir all, Kierch a Politik, Chrëschten an ëffentlech Verantwortungsträger, Mënsche gudde Wëlles vun alle Bordën, och selwer Hëllef vu méi grouss wéi mir brauchen – de Bidar seet de fil d’or – mir soen hei an der Kierch den Hellge Geescht, Gottes Kraaft a Bäistand.

Gottes Geescht ass e Geescht vu Gemeinschaft – vun der Symbios – den Diabolos ass deen, deen zerrappt an zerstreet an trennt!

De Mënsch, eis Lëtzebuerger Gesellschaft, eis kulturell sou divers a räich Villfalt brauch Zesummenhalt, brauch all Acteuren, och Relioun a Kierch an engem gudden a fairen Zesummespill, brauch Tisserandën, déi un deem groussen a gudde Netz wiewen, fir datt, wéi den Albert Schweitzer gesot huet, “der Mensch nicht zu Schaden kommt.”

Henri Hamus