Question élargie n°18 de Monsieur Marcel Oberweis relative au «fairtrade»

PDF: Question élargie Marcel Oberweis Faitrade


Här President, Här Minsiter

Ech erlaabe mir dem Minister fir d‘Cooperatioun an der humanitärer Hëllef eng Rei Froen iwwer d‘Produkter aus dem „fairen Handel“ ze stellen.

De Fairtrade besteet zenter dem Joer 1946. Et handelt sech em de kontrolléierten Handel, mat déem d’Produzenten e gerechte Preis fir hir Produkter bezuelt kreien.
Iwer langfristeg Partnerschaften ginn liewensfäheg Relatiounen teschend alle Partner an dër Geschäftsketten opgebaut.

Virun allem sollen déi virgeschriwen Emwelt- an Sozialstandarden agehalen a keng Kannerarbecht verricht ginn. Momentan profitéieren ronn 1,7 Milliounen Klengbauern a 74 Länner vun dem fairen Handel. Dess Klengbauern stellen ongeféier 86 % vun den Fairtrade-Produzenten duer.

Meng Kollegin Nancy Arendt haat schon an hirer Ried zur Entwécklungshëllef am November2015 op d’Wichtegkeet vu de Produiten aus dem Fairtrade higewiisen.
An der Europäescher Unioun goufen am Joer 2013 Fairtrade – Produkter am Wert vun 2 Milliarden Euro verkaft.

De Chiffre d’Affaires am Joer 2014 vum Fairtrade hei am Land beleeft sech 10,7 Milliounen Euro d.h. am Duerchschnett ronn 20 Euro pro Awunner.

Wann de Konsument e Fairtrade Produkt keeft, fir deen een e wéineg méi déif an de Portemonnaie gräiffe muss, ass een awer verséchert, dass de Produzent ennert de beschte Bedingungen schaffen a mat senger Famill e menschewürdegt Liewen féiere kann.
Zousätzlich gett och seng Emwelt respektéiert, déi hie jo fir d’Productioun vun de Liewensmëttele brauch. Démno eng Win-Win Situatioun an e Kärelement vun eiser Kooperatiounspolitik.

Et ass och wichteg drop hinzeweisen, dass de Syvicol sech dem Fairtarde verschriiwen huet. Mettlerweil sinn eng ganz Rei vu Gemengen dem Fairtrade beigetratt a goufen schon mat dem Logo Fairtrade ausgezeechent.

Domat ginn virun allem d’Schoulkanner an d’Awunner an desse Gemengen opgeruff, verstärkt Fairtrade Produkter ze kafen.

Enger rezenter Emfro no sinn emmer méi Leit der Opfassung, dass de Fairtrade méi ennerstetzt muss ginn. De Konsument an d’Regierung wéi och déi öffentlech Autoritéiten mussen hei hire Beitrag leeschten.

Ech muss och ennerstrach ginn, dass niewend den Fairtrade Produiten och déi lëtzebuerger Produkter hire Wé bei d’Klienten fannen – et dierf nett zu engem Konkurrenzdenken kommen.

9 Organisatiounen aus dem Baueremilieu hunn wuel eng Petitioun lancéiert, fir méi regional Produkter an den öffentlechen Kantinen ze konsomméieren – verschleissen sech awer nett dem Akaf vun Fairtrade Produkter, déi mir jo hei am Land nett hunn – wéi de Kaffi, Mangoen an Bananen.

Dess Initiativen ginn vun der CSV ganz deitlech ennerstetzt – an trotzdem!
Um Härebierg gëtt z.B. iwwer eng Tonn Bananen am Joer consomméiert – dovun keng aus dem Fairtrade. Nëmmen e Brochdeel vum consomméierten Kaffi soll aus dem Fairtrade kommen.

Och leit e riesegt Potenzial an dem Restauratiounbetriiber vun de Kliniken, Altersheimer a Fleegeheimer vir. Hei kennten och vill Fairtrade-Produkter an de Verbrauch kommen.

Ech wor frou ze gesinn, dass déi lescht Woch déi eischte Kéier Fairtrade-Bananen an der Chamber an eiser Buvette ausluchen – elo soll och nach Fairtrade-Kaffi kommen.
Daat lescht Joer huet de Minister Romain Schneider och drop higewiisen, datt jiddereen gefuerdert ass – siew et den eenzelnen Matbierger oder déi öffentlech Acteuren.

Hie soot weider, dass d‘Regierung e „Screening“ wellt maachen – dorop waarde mir awer nach.

Mir brauchen elo eng kohärent a voluntaristesch Akaafspolitik an de politesche Wëllen – d‘Regiirung muss hei hir Responsabiltéit iwwerhuelen.
Et soll nett vergiess ginn, dass de Cercle de Coopératioun dem Präsident vun der Chamber den 17. November 2015 eng Fro zur Politikkohärenz vun eiser Kooperatioun am fairen Handel iwerrécht huet. Et ass ennerstrach ginn, dass den Achat public e politeschen Akt ass, mat dém mir alleguer en Zechen zu enger fairer Handelspartnerschaft mat dë Menschen opbauen, déi méi wéi je op eis Hellef ugewisse sinn.

Den Här Chamberpräsident huet sech deemols derfir agesaat, dass eng Démarche bei der Regiirung ageléét géif ginn, duerch déi bei den Achaten och déi sozial, déi ethesch an déi ökologesch Kriterien respektéiert misste ginn. Leider bis elo ouni Erfolleg!
An der rezenter Konferenz zou dessem Sujet huet Madame Marie Greindl et kloer ennerstrach: „Ouni de politesche Welle géet et nett.“ Et dierf nett de bellechste Produkt bei der öffentlecher Ausschreiwung gewannen – déi drei genannten Kritären mussen berücksechtegt ginn.

Opgrond vun dessen Iwerléungen meng Froen un de Här Minister:
1° Waat ass déi aktuell Situatioun zur Akaafspolitik vun Produkter aus dem fairen Handel an den öffentlechen Administratiounen?
2° Huet d’Regierung zenter der leschter Debatt iwwer d’Entwécklungshëllef am Oktober 2015 eppes Konkretes am Kontext vu de Fairtrade Produkter ennerholl ?
3° Huet eis Regierung konkret Mesuren ergraff, fir an de Ministèren, de Verwaltungen, den verbleiwenden Gemengen an ann an de Schoulen de Geescht vun dem Fairtrade ze ennerstetzen?
4° Wou sti mir mettlerweil mat der europäescher Direktive aus dem Januar 2014 an déi bis d’Freijoer 2016 an daat nationalt Gesetz emgesaat muss ginn?

Merci a fir d’Nolauschteren