Themenatelieren fir d’Gemengewahlen 2017

Mat mir a menger gemeng-Banner-all

D’Chrëschtlech-Sozial Gemengeréit, d’CSG, organiséieren an Zesummenaarbecht mam CSV-Generalsekretariat dräi Owender mat am Ganzen aacht Themenatlieren iwwer kommunalpolitesch Froen. An dësen Themenatelieren solle Virschléi an Iddien zesummegedro ginn fir de CSG-Rahmeprogramm fir d’Gemengewahlen vum Oktober 2017. Maacht mat a bréngt och Dir Äre Standpunkt, Är Iwwerleeungen an Iddie hei mat an!

Mëttwochs /// 01.06.2016 ëm 19.00 Auer zu den Themen:

  • Wunnengsbau
  • Ëmwelt

Mëttwochs /// 08.06.2016 ëm 19.00 Auer zu den Themen:

  • Soziales, Kannerbetreiung, Drëtten Alter, Educatioun
  • Mobilitéit
  • Rettungswiesen, Sécherheet, Police, Benevolat

Mëttwochs /// 15.06.2016 ëm 19.00 Auer zu den Themen:

  • Gemengefinanzen, Trennung Kierch a Staat
  • Wirtschaft, Zones d’activités
  • Kultur, Integratioun, Biergerbedeelegung

Plaz:

  • Bei de Franziskanerschwësteren um Belair (50, Avenue Gaston Diderich; L-1420 Luxembourg).

Umellung