Eng Entschëllegung

Den Dënsden 9. Juni 2015 wäert eng Plaz an der Geschicht kréien. Als Dag, wou sech déi ganz Chamber bei der juddescher Communautéit entschëllegt huet. Entschëllegt dofir, datt 1940 och Vertrieder vum Staat, den Nazien gehollef hunn. Gehollef fir juddesch Matbierger a Flüchtlingen ze identfizéieren, auszestoussen an ze verdreiwen.

Esou d’Haaptkonklusiounen vum Rapport Artuso iwwert d’Verfollegong vun de Judden hei zu Lëtzebuerg. Et gi vill Grënn firwat dat geschitt ass. Aus Angscht. Aus Drock. Aus Resignatioun. Aus Opportunismus. Oder aus Iwwerzeegong. Et geet hei net drëms mam Fanger op een ze weisen oder ze jugéieren. Et geet drëms ze erkennen wéi et war: net schwaarz oder wäiss. Mä eppes dotëschent. Mat villen Nuancen.

Virun 75 Joer sinn et der ginn, déi matgehollef hunn. Et sinn der ginn, déi Resistenz gemaach hunn. An déi Meescht hunn einfach versicht ze liewen an ze iwwerliewen. Et ass an där Zäit eng Mefiance géigentiwwer de Judden ginn. Zu Lëtzebuerg an an Europa. Mä d’Lëtzebuerger als Vollék waren a sinn net antisemitesch. Et gouf keng esou eng Politik vum ganzen Lëtzebuerger Staat gemaach. D’Exil-Regirong an eenzel Bierger hunn Judden gehollef. An awer si mir haut betraff. Als Mënschen. Mir fillen no wat deemols geschitt ass. An dofir entschëllegen mir ons.

An engems seet d’Chamber der juddescher Communautéit: dir hutt deemols zu ons gehéiert. Dir gehéiert haut zu ons. Dir sidd ee festen Deel vun onsem Land. Wat Iech geschitt ass, dat wäerten mir weiderginn. Un ons Kanner a Kandskanner. Och si wäerten sech dodrunner erënneren. Ëmmer an ëmmer erëm.

Wéi bei deenen aneren Affer: de Resistenzler, Zwangsrekrutéierten, Ëmgesiedelten, den politesch a reliéis verfollegte Leit.

Fir dat hiert Blutt zum Blutt vun der Hoffnung gëtt a bleift.

Serge Wilmes
Deputéierten