Här President,
esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwer déi geplangte Wahlen am Hierscht un déi Hären Innen- a Finanzminister, esou ewéi un d’Madame Ministesch fir d’Fonction publique, weiderzeginn.
De leschten Donneschden huet de Premier- a Staatsminister dem Grand-Duc virgeschloen d’Chamberswahlen net am Mee 2014 mä dëst Joer am Hierscht ze maachen.
Dofir wéilt ech gären dës Froen un d’Madame an déi Häre Ministere stellen :
- Wéi héich wäerten déi administrativ Käschte vun eventuelle Wahle sinn (Imprimerie, Indemnitéiten asw.) ? Wéivill wäert et méi kaschte wann d’Chamberswahle vun den Europawahle wäerte getrennt ginn ?
- Wéivill Beamten (Staat a Gemengen) gi gebraucht fir eventuell Wahlen am Hierscht virzebereeden? Mussen an deem Fall Beamten hire geplangte Summercongé gestrach kréien? Wa jo, wéivill wäeren der dovunner betraff ? Kënnen déi Beamten hire Congé nach dëst Joer eranhuelen ?
- Wa wéinst de Neiwahlen eng nei Regierung eréischt Enn dës Joers mat schaffen ufänke kéint an dowéinst kee Staatsbudget fir 2014 kéint gestëmmt ginn, wat gesäit d’Gesetz an deem Fall vir ?
Mat déifstem Respekt,
Serge Wilmes
Deputéierten