Question élargie de Monsieur Marcel Oberweis sur l’indicateur du bien-être

Här Präsident Dir Dammen an Hären

Här Minister

D’Economisten définéieren den Bruttoinlandprodukt, de BIP als én Instrument, mat dém dei wirtschaftlech Kraft vun engem Land gemoos gëtt.

Mat dem BIP ginn all Produkten, dei am Land hirgestallt an all duerchgeféiert Dingschleeschtungen an engem Joer zesummengerechent.

Et ginn e.a. d’Suiten vun Akzidenter mat an de Kalkül erangezunn. Och ginn Dépensen a Milliounenheicht fir d’Behiewen vun Emweltschied am BIP agerechent. Eleng dei Tausende km Stauen op eise Stroossen am Joer – an dei e Meiverbrauch un Diesel an Bensin an Zeitverloscht bedeiten – kennen dach nett positiv an der Berechnung erschengen?

Dem rezenten UN-Rapport no, leit Letzebuerg op der eischter Platz wann én de BIP-pro Kapp als Kritär hellt.

Beim Gini-Koeffizient, do leie mir guer nett mei enner den eischten 10 Platzen – genau wei beim Index fir dei menschlech Entwecklung, dem HDI, – an daat seet genuch.

De Professer Jeffrey Sachs beschreiwt dessen Dillemma mat dem nett nohaltegen permanenten Uwuessen vum BIP mat de Wierder: “D’Menschheet steet virun enger wichteger Entscheedung. Hale mir den aktuellen Modus fir ze Liewen bei, dann sti mir geschwenn virun enger ökologescher Katastroph.”

Wien démno weider dei gängeg Methode zur Berechnung vum BIP applizéiert, dé verrechent sech. De weider wuessende BIP op dem Pabeier bedeit ké weidere Wuelstand.

De BIP, wei mir en haut applizéieren, setzt ausschliesslich op dat quantitativt Wuesstem.

An der Regiirungserklärung am Joer 2009 ass gesoot ginn, dass sech 2 kompetent Gremien mat der Ausarbechtung vun dem “Indicateur composite vum Bien-Être” befaase sollen.

Mettlerweil hunn den Conseil supérieur du Développement durable an den Conseil économique et social fir Rapporten virgestallt.

Am Joer 2011 huet e.a. och d‘OCDE di eischt Resultater iwert hir Etude zum „BIP du Bien-Être“ virgestallt.

An där Etude sinn dei eischte Keier och Elementer wei – Wunnen, Liewensqualitéit, Bildung, Gesondhéet, Secherhéet, Liewenszefriddenhéet an Emwelt an esouguer den Equiliber teschend dem Berufs- an Privatliewen an d’Berechnung agefloss.

Et ass och festgestallt ginn, dass dei onentgeltlech Arbechten – d‘Noberschaftshellef an d’Kannerbedreiung dohéem – nett berücksechtegt ginn.

Mat hirem Programm “Beyond GDP” huet sech  d’Europäesch Union dessem Dossier mettlerweil och ugeholl.

Einfach gesoot – de ”Bien-avoir” ka nett mei d’Guideline vun eisem wirtschaftlechen Handeln sinn – villmei musse mir eis zum “Bien-Etre” bekennen, esou wei et de Professer Stefano Bartoloni viru kuerzem  hei zu Letzebuerg erklärt huet.

Et gett versicht, niewend den ökonomeschen, och den sozialen wei den ökologeschen Voleten Rechnung ze droen an daat – well mir op engem Planeit mat begrenzten Ressourcen liewen.

Et soll awer nett verkannt ginn: “De gewenschten vernetzte a moderate Wuesstum ass dei richteg Äntwert op dei sozial an ökologesch Froen. Wa mir d’Problemer vun haut leise wellen, dozou zielen ech d’Ernierung, de Klimaschutz an d’Energieversuergung, da brauche mir den nohaltegen Fortschrëtt.”

Dierf ech drop hiweisen, dass de Verbrauch vun Ressourcen hei am Land vill ze heich par Rapport zur Reproduktioun. Eisen ökologeschen Foussofdrock leit iwer 6 d.h. mir brauchen emgerechent d’Ressourcen vun 6 Planeiten fir eise Wuelstand opzebauen – an dei Rechnung kann jo nett opgoen.

Mir brauchen duerfir eng Begrenzung vum Wirtschaftswuesstum – desse muss sech am Respekt virun de kommende Generatiounen an de Liewensressourcen entweckelen.

Hei ass vill Kreativiteit an Enagagement vun ons all verlangt – well et ass kéen einfache Prozess.

Duerfier meng Froen un den Här Minister fir d’Wirtschaft:

1°         Wou stii mir momentan am Dossier vum « BIP du Bien-Etre » ?

2°         Wei kennen dei virleiend Etuden an der  Berechnung vum « BIP du Bien-Etre » afleissen?

3°    Misst nett och eis Universitéit fir dess Aufgab mat angagéiert ginn?

Merci fir d’Nolauschteren