Zäitgeméissen Dateschutz

D’europäesch Unioun well sech méi zäitgeméiss Regele fir den Dateschutz ginn. Um EU-Justiz-Conseil gëschter um Kierchbierg sot di zoustänneg Ministerin Octavie Modert, datt d’Rechter vum Konsument gestäerkt solle ginn an datt de legislative Kader fir Entreprisë méi kloer gëtt.