Eng fräi Tribün vum CSV Deputéierte Félix EischenAn dëser neier traureger Episode vun enger endlos laanger Lescht vu Liewensmettelskandaler geet et, wa mir dat e bësse méi am Detail kucken, guer net esou ëm d’Päerdsfleesch selwer, mä ëm deen dacks onduerchsiichtege Maart vun der Alimentatioun, ëm eng absolut Profitmaximéierung an awer och ëm en Iwwerliewensstriewe vu Betrieber um Maart, e Maart deen ëmmer méi haart gëtt a wou dann de bekannte Konsumentenuschass derbäi erauskënnt, undeem deeselwechte Konsument awer och net onschëlleg ass.
De Problem ass net d’Päerdsfleesch selwer. Ënnert deenen etlechen heibannen an och dobaussen, déi elo jäizen, déi sech ugëeekelt spieren, sinn der awer och, déi schonn ee Päerdsbifftek mat Fritten an Zalot giess hunn. Dat ass näischt Schlechtes! Wann et da proppert Fleesch ass. Et si jo net nëmme Vegetarier heibannen.
An dann, firwat si mer all esou schockéiert bei engem Päerd? Well et esou schéin ass , well mir drop reiden etc ?! Bei Kou, Hunn, Schwäin oder Kanéngche wiere mir sécher méi roueg. Et wier sécher keen esou ee Gedäisch dobausse, wa Pouletsfleesch an der Lasagne fonnt gi wier. Mee Kou, Hong , Schwäin oder Kanéngchen hu keng esou eng Lobby wéi d’Päerd, mä grad wéi dës sinn si och net dout geheemelt ginn, wann se da bis um Teller leien.
Neen, de Problem ass en aneren.
Dofir kommt, mir halen op just iwwert de Päerdsfleeschskandal ze schwätzen, mir mussen och iwwert all déi aner Skandaler schwätzen, déi et an der Vergaangenheet goufen, an déi et och der Zukunft wäerte ginn. Dovunner sinn ech iwwerzeegt! Leider.
Well bis elo hu mir jo näischt aus deene Geschichten do geléiert a Dir wäert gesinn , esou wéi d’Vergaangenheet dat weist, dass déi Skandaliwwerschrëften nach e puer Deeg an der Press sinn, an da gëtt sech ëm aner Sujete gekëmmert. An der Tëschenzäit si mir jo scho bei de Bioeër.
Hätte mir net scho missen no BSE léieren! Nom Gammelfleesch, no de Pestiziden um Uebst, der Melamin an der Mëllech an no dem Dioxinskandal am belsche Kalleffleesch, fir nëmmen dës ze nennen. Mir hunn awer net geléiert!
Firwat ? Ma, well et bëlleg muss sinn, ëmmer erëm an ëmmer méi. Alles duerf eppes kaschten, do gëtt sech der Decken no gestréckt, just bei de Liewensmettel net. Déi duerfen dat net, dat huet sech an de leschte Joren an eis Käpp agebrannt. Wa soss de Poulet, eng Schwéngskotlett, de Bifdeck oder e gutt Stéck Brod mat Respekt an net ze dacks opgedëscht gouf, mussen et haut all Dag Filetsstécker sinn awer wannechgelifft aus der Promotioun.
1000 Gramm Lasagne fir 2,99 Euro! 500 Gramm Gehacktes fir 1 Euro 79! 150 Gramm gekachten Ham fir 1,49 an och nach eng Dosen Eeër fir 99 Cent. Hei misst dach jidderengem aliichten dass eppes net ka stemmen
Mech perséinlech eekelt et wa Fleesch an de Reklamebliedercher bradéiert gëtt. Ass dat ethesch ze vertrieden? Egal, d’Haaptsaach et gëtt kaaft.
An d’Politik? Ma déi leeft des Kéier, wei déi aner Kéieren och schonn der Saach ëmmer hannendrun. Haut maache mir een 10 Punkte Plang fir eng besser Kontroll, eng Direktive géint falschen Etikettage, Muer Dëst an Iwwermuer Dat.
Net, dass Dir mech falsch verstitt, et ass enormt wichteg, dass reagéiert gëtt, mä et ass ëmmer een Hannendrulaafen. De geféierlech haarden Drock vum Maart no ëmmer méi bëlleg an no ëmmer méi “Parts de Marché” mécht Dieren op fir ëmmer nei Gängstereien, am Endeffekt sinn der krimineller Energie keng Grenze gesat. Et ass wei bei der Dopingbekämpfung am Sport do sinn se och ëmmer hannendrun.
Et heescht endlech de Konsument, am beschte vu Klengem un, opklären! Mir musse ganz sécher eng Tracabilitéit aféiren, déi sécher an novollzéibar ass ,en Etikettage man, deen net méi ka gefälscht ginn, do ass sécher mat der Technik haut villes méiglech, mee et heescht virun allem an d’Käpp vun den Leit kréien, dass ee Bifdeck, een uerdentleche, wou och de Béischt Zäit senges Liewens eppes vu senger Zäit hat, net fir näischt ze kréien ass.
Ech froen Iech; musse mir hei Steaken aus Argentinien iessen an Poulets aus China a Strauss aus Australien? Muss et Ham si, wou d’Schwäin, éier et geschluecht gëtt, dausende Kilometeren duerch Europa gefouert gëtt, fir et da mat engem südeuropäesche Label hei an der Promotioun ze hunn.
Muss et, an da kommen ech zu Schluss och erëm bei eist Päerd, amerikanescht Paerdfleesch sinn, geschluecht a Mexico oder Kanada dat via d’Belsch an Holland op den europäeschen Maart kennt. 25000 Tonne waren et 2011.
Mir mussen eisen Kanner bäibréngen dass dat wat an der Barquette dran ass eemol eng Kéier ee léift Stéck Véi war an dass mir eis solle bewosst sinn dass et dat net zum Geiz ist geil Tarif ka gin.
Mir schëdde jo gären deieren Uelech an eis schéin Autoen, ma da kommt mir stiechen och héichwäerteg Wuer aus eise Géigenden an eis eran dat misst eis jo op mannst esouvill wäert si wei de Vehikel an der Garage.