Projet de loi 6470

De Gesetzesprojet 6470 gesäit d’Transpositioun vun 2 europäesch Direktiven an eis national Gesetzgebung vier. Et handelt sech engersäits em den Artikel 4 vun der Direktiv vun 2008 iwwer den Uert oder besser gesot dat Land  wou eng Dingschtleeschtung stattfënd, a wou mathin d’TVA ze bezuelen ass, an anersäits em Direktiv vun 2010 iwwer gemeinsam Regele an der EU wat d‘ Ausstelle vun de Rechnungen am intercommunautäre Wueren- an Dingschtleeschtungsverkéier betrëfft. Mat der Ëmsetzung vun der leschter Direktiv hun d’Auteure vum Projet profitéiert fir Dispositiounen iwwer d’Facturatioun déi an eiser TVA-Gesetzgebung op verschidde Plaatzen traitéiert ginn, fir déi an enger eenzeger Sectioun ze regroupéieren, fir esou eng besser Iwwersiicht iwwer dës Matière ze schafen an d’Géigeniwwerstellung vun eisem Gesetz mat den europäeschen Direktiven méi einfach ze gestallten.

Den Artikel I bestëmmt den Uert oder besser gesot d’Land wou déi laangfristesch Locatioun vun Transportmëttelen u Persounen, déi net der TVA ënnerworf sinn, dat heescht un Endkonsumenten, stattfënd an der TVA ënnerworf muss ginn. Bis elo war dat d’Land wou den Dingschtleeschtungsbetrib établéiert war. An Zukunft soll et awer dat Land sinn, wou de Konsument säi Wunnsëtz oder säi gewéinlechen Openthaltsuert huet. Eng Dérogatioun gesäit Direktiv fir d’Locatioun vu laanger Dauer vu Vergnügungsschëffer un Endkonsumente vier. Dës Locatiounen fannen do statt wou se dem Konsument zur Verfügung gestallt ginn, ënner der Konditioun, datt dat och den Uert ass wou den Dingschtleeschtungsbetrib seng Aktivitéiten ausübt.

Et ass dëst eng vun de leschten Dispositiounen vun der sougenannter Direktiv „Paquet TVA“ aus dem Joer 2008, déi mer an eis Gesetzgebung ëmsetze mussen, Ëmsetzung déi kéng all ze grouss Répercussiounen op eis TVA-Recetten wäert hun. D‘ Transpositioun vun der leschter Dispositioun vun deer Direktiv wäerte mer spéidestens an 2 Joer hei discutéieren. Et ass dat Dispositioun iwwer d’Bestëmmung vun dem Land, wou d’TVA op der Liwwerung vu Gidder an Dingschtleeschtungen aus dem Beräich vun dem electronesche Commerce un Endconsumente, erhuewe soll ginn. Dës Dispositioun wäert eis méi interesséieren a beréieren, well den Handel an deem Beräich eis haut ëmmerhin eng 700 Milliounen Euro un TVA-Recetten an d’Staatskees bréngt.

Den Artikel II gesäit d’Transpositioun vun der Direktiv 2010/45/UE vier. Des Direktiv soll kloer Regelen iwwer d’Ausstelle vu Rechnungen an d’Akloe vun der TVA op den tëschecommunautäre Liwwerungen an Acquisitioune vu Gidder an Dingschtleeschtunge festleeën. Direktiv huet besonneg als Ziil:

–          Fir d’Informatiounen, déi op enger Rechnung musse stoen, ze harmoniséieren an ze vereinfachen;

–          Kloer fest ze leeën wat fir engem Land seng Regelen iwwer d’Facturatioun sech applizéieren;

–          Den Ennerscheed tëscht der materieller Rechnung dat heescht der traditioneller Rechnung op Papeier an der elektronescher Rechnung oof ze schafen;

–          D’Regelen iwwer d’Akloe vun der TVA op tëschecommunautäre Liwwerungen kloer ze stellen an ze harmoniséieren fir den Austausch vun Informatiounen tëscht de Länner ze beschleunegen an esou méi efficace géint de Bedruch am Beräich vun der TVA vier ze goen.

Doniewt mëcht Direktiv fir d’Memberlänner d’Méiglechkeet fir hire Kleng- a Mëttelbetriber e Sytem Comptabilitéit/Caisse unzebidden méi attraktiv duerch nei Regelen wat Déductioun vun der Viersteier ubelaangt. Déi Betriber, déi  esou e System wielen hun d’Recht déi fälleg TVA eréicht dann ze bezuelen, wann se hir Rechnung vum Client bezuelt kréien. Well dee System de Kleng- a Mëttelbetriber eentgéint komme soll, däerfen déi Betriber, déi sech fir dee System ëntscheeden  keen Ëmsaatz vu méi wéi 500.000 € d’Joer opweisen.

Den Artikel III gesäit Iwwergangsmoosnahme fir déi Betriber vier, déi sech fir de System Comptabilitéit/Kees entscheed hun.

Den Artikel IV gesäit vier, datt dëst Gesetz vum 1. Januar vun dësem Joer a Kraaft trëtt.

D’Berufschamberen an de Conseil d’Etat hun een Avis favorable zum Projet ginn. De Conseil d’Etat huet eng Rei Textëmennerunge proposéisert deenen d’Commissioun wäitgehends konnt Rechnung droen. Op Grond vun den Avisen huet d’Chamberscommisioun 3 Ammendementer zum Projet proposéiert, déi och am Avis complémentaire vum Staatsrot gutt geheescht goufen.

D’Chamberscommissioun huet mäi Rapport an der Sëtzung vum 19.Februar unanim approuvéiert a schléit dem Plenum vier den Text esou wéi en um Rapport unhängt ze stëmmen. Ech bréngen heimat den Accord vun eiser Fraktioun.