Nee zu manner Suen fir d’EU

Méi Europa fir manner Sue gëtt et net. Wann d’europäesch Unioun hiren ëmmer  méi groussen Aufgabe gerecht soll ginn, da brauch se och di néideg Finanzmëttel. Där Meenung sinn och di 3 CSV-Europadeputéiert.

Wann den EU-Sommet haut a muer zu Bréissel e Budget fir d’Europäesch Unioun géif decidéieren, dee stagnéieren oder souguer gekierzt géif ginn, da wëllen  Astrid Lulling, Frank Engel a Georges Bach, grad ewéi vill vun deenen aneren Europadeputéierten, deem Budget beim Vote am Europaparlament net zoustëmmen.

Ouni Accord vum Parlament kann dee Budget  net a Kraft trieden.