EU-Latäinamerika-Karibik-Sommet

De Premier Jean-Claude Juncker war de leschte Weekend um 7. Sommet vun de Staaten aus der EU, aus Latäinamerika an aus der Karibik.

 

Staats- a Regierungscheffen aus iwwer 60 Länner waren op deem Sommet am Chile mat derbäi. De Rendezvous stoung ënnert dem Motto : « Eng Allianz fir nohalteg Entwécklung ». Ziel ass et, fir als EU am Beräich vum Sozialen a vun der Ëmwelt ze investéieren, Handelsbarrièren ofzebauen  an doduercher d’Partnerschaft tëscht deenen zwou Regiounen op der Welt ze verstäerken.

Um Bord vum Sommet hat de Premier Jean-Claude Juncker nach e bilaterale Rendezvous mam Vize-Präsident a mam Ausseminister vum Salvador. Lëtzebuerg an de Salvador schaffe mi lang schonns am Beräich vun der Lutte géint d’Aarmut zesummen.

Méi Informatiounen op Gouvernement.lu oder ënnert dësem Link :

http://bit.ly/WslIvp