Diskussiounsronn CSJ

Meng Aarbecht. Meng Zukunft.

E Freideg, 6. Juli ëm 18h30 am groussen Auditorium vum Cercle-Cité an der Stad:

D’CSJ invitéiert op eng Diskussiounsronn iwwert d’Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg. Speziell steet natierlech d’Situatiou vun de Jonken an domat och de Problem vum Jugendchômage am Mëttelpunkt.

Wëll och hei am Land fannen an de leschte Joeren ëmmer méi Leit keng Aarbecht. Ënnert hinne vill Jonker. Wat sinn d’Grënn? Wat kann d’Politik maachen? Op wat muss ech och selwer oppassen, fir net an de Laangzäitchômage ze geroden? Oder ass et virun allem nëmme nach eng Saach vu Relatiounen a Chance? Wou entstinn an Zukunft d’Aarbechtsplazen hei am Land? A wéi ass et da mat den Aarbechtskonditiounen?

Zesumme mam Public  diskutéiere doriwwer, ënnert der Moderatioun vum Journalist Roy GROTZ, de :

– Marc SPAUTZ, CSV-Fraktiounspresident
– Nicolas SCHMIT, Aarbechtsminister
– Pierre BLEY, Direkter vun der UEL (Union des Entreprises Luxembourgeoises)
– Serge WILMES, CSJ-Nationalpresident