Background am Gespréich op RTL Radio Lëtzebuerg

Invité an der Emissioun Background am Gespréich ass dëse Samschdeg (vun 12h00 bis 13h00) den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler.

No de Parlamentswahlen 2009 gouf de „Super Ministère“ an d’Liewe geruff. Zanterhier ass de Claude Wiseler responsabel fir am Ganze véier Ressorten. Et sinn dat déi ëffentlech Bauten, den Transport, d’Ëmwelt an den Aménagement du Territoire.
Mam CSV-Politiker schwätze mer iwwert déi eenzel Aspekter ronderëm d’Mobilitéit, den Tram an de Stroossebau, awer och iwwert déi dacks laangwiereg Prozedure firwat Projete grouss Retarde kréien an iwwert d’Spuermesuren, duerch déi verschidde Projeten den Ament net realiséiert ginn.


Wéi gutt schafft de Claude Wiseler mat sengem delegéierte Minister Marco Schank zesummen a wat passionéiert den Nohaltegkeetsminister an senger Fräizäit?


Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

– Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d’Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.