Background am Gespréich mam Jean-Claude Juncker

De Premier war e Samschdeg Invité an der Emissioun vun RTL Radio Lëtzebuerg an huet op d’Kritik no der Ried zur Lag vun der Natioun reagéiert.

Detailer op : http://news.rtl.lu/news/national/244191.html

No den Aussoen vum Staatsminister a sengem Discours zum Etat de la Nation war de Jean-Claude Juncker Invité e Samschdegmëtteg an der Emissioun Background am Gespréich.
De Premier huet dobäi op d’Kritiken no senger Ried reagéiert a sot, datt duerchaus nach net-gewosst Neiegkeeten do dra gewiecht wieren.


Esou wier Lëtzebuerg der Meenung, datt de Fiskal-Pak misst ratifizéiert an d’Kapital vun der Europäecher Investissementsbank opgestockt ginn.
Datt mat deelweiser Enttäuschung op d’Ried reagéiert gi wier, wier a Krisenzäiten ze verstoen.
E Méindeg ass eng Reunioun vum EURO-Grupp, do gëtt och wuel iwwert dem Jean-Claude Juncker seng Successioun als Chef vun deem Grupp geschwat.


Bleift de Staatsminister bei senger Meenung opzehalen, wollt de Roy Grotz de Mëtteg wëssen?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn erkläert, dass et net meng Absicht ass fir nach ee Mandat als President vum Eurogrupp ze maache well dat mer einfach zevill gëtt. Sou einfach ass dat.

Aneren Sujet waren d’Steieren, woubäi de Staatsminister och op d’Betriber ze schwätze koum an en Taux revidéiert huet, deen dacks genannt gëtt, wa vu Betriber Rieds geet, déi keng Steieren bezuelen.


Jean-Claude Juncker: Dee Chiffer deen heiansdo genannt gëtt, dass 80 % vun de Betriber keng Steiere bezuelen, ass e Chiffer deen net stëmmt. Grouss Deeler vun der Industrie bezuele keng Steieren mä d’Banke bezuele viru Steieren, allerdéngs ëmmer manner. Wat awer kee Mënsch wëll zur Kentniss huelen, dass déi op Grond vu mangelnde Geschäftsresultater manner Steiere bezuelen, a mir hu jo schonn am Joer 2010 eng Minimalsteier fir eenzel Segmenter vun der Finanzindustrie agefouert an dat fuere mer och lo virun.

Eng minimal Besteierung fir Betriber géif op alle Fall agefouert ginn, ma d’Modalitéiten wiere schwiereg – de Finanzminister schafft um Dossier.
Wat déi deier Präisser fir Bauen a Wunnen ugeet, sou besteet fir d’Gemengen schonn d’Méiglechkeet, datt Baulücken kënne besteiert ginn.


Ma wëll d’Gemengen technesch net gutt eens domat ginn, gëtt vun den zoustännege Ministeren e Vademecum mat Modalitéiten opgestallt, fir datt dës kommunal Steier kann agefouert ginn.

Source: rtl.lu
Link:
http://news.rtl.lu/news/national/244191.html