Ugespaante Staatsfinanzen – och eng Erausfuerderung fir eis Gemengen!

Eng fräi Radiotribün vum Gilles Roth, Deputéiert

Gudde Mëtteg. Et ass Fréijoer. Mee ëm eis Staatsfinanze bléist ee raue Wand. Zanter dem Krisejoer 2008 kréie mir d’Enner net méi esou richteg beieneen. Mir gi méi ëffentlech Suen aus, wéi mir der era kréien.

An derbäi kënnt nach eis verkappte sozial Schold. Eisem Rentesystem geet et haut nach gutt. Mee an 10 oder 20 Joer sinn d’Beitragzueler vun haut d’Leeschtungsempfänger vu muer.

Op laang Sicht geet also d’Rechnung net méi op. Et gëtt duerfir elo Zäit fir emzedenken. Am Interessi vu Land a Leit- virun allem der jonker Generatioun.

An duerfir musse mir all elo upaken.

Mir all – dat heescht och eis Gemengen. D’Wale vum Oktober si geschloen. Et heescht mat neiem Elan och op lokalem Plang d’Weichen ze stelle fir ee modernt a sozial gerecht Lëtzebuerg. Staat a Gemenge musse besser zesumme schaffen. Mir brauchen eng Innenpolitik aus engem Goss. Mir brauche gutt ëffentlech Infrastrukturen. Als CSV sti mir duerfir hannert héijen ëffentlechen Investitiounsausgaben. Grad elo -a finanziell méi ugespaanten Zäiten.

Dat ass wesentlech fir eng kompetitiv Wirtschaft. Mee déi ëffentlech Sue musse méi efficace agesat ginn. Do wou mir Stroossen, Eisebunnslinnen, Gebaier musse bauen – do muss et séier goen.

Mir brauchen erëm méi Politik vun de kuerze Weeër.

Matsproocherecht jo – mä wann eng Decisioun geholl ass, da musse mir all an dozou zielen och déi staatlech Servicer – un engem Strang zéien, fir se séier ëmzesetzen.

An dem Sënn si mir an der Chamber amgaangen een neit Landesplanungsgesetz auszeschaffen. Et däerft nach am Summer gestëmmt ginn.

Déi sektoriell Leitpläng fir de Wunnengsbau, den Transport, d’Industriezonen an d’Gréngfläche kënnen endlech Realitéit ginn.

Staat an Gemenge mussen och besser zesummeschaffe wann et ëm eng gerecht Laaschtenverdeelung gehat.

An Krisenzäite musse breed Schëlleren och méi breed droen. Steiererhéijunge sinn och da keen Tabu. Mee dat zielt net nëmme fir Loun- an Akommessteier. Deen vill verdéngt -soll och ugemoosse Steiere bezuelen. Eis Steiertabell ass sozial gerecht. 2,5% vun de Leit bezuele méi ewéi 37% vum gesamte Steieropkommes. Mee eng gerecht Verdeelung vun der Steierlaascht muss och op anere Pläng spillen.

Deen, dee vill Haiser, Appartementer an Terrainen huet, dee muss an dësen Zäiten och säi Beitrag leeschten. D’Steieropkommes vun Immobilien ass awer bescheiden. D’Grondsteier mécht hei am Land grad emol 30 Millioune aus. Dat ass manner wéi d’Halschent vun der Autossteier. Deen an engem moderne Land vun der Wärtsteigerung vun sengen Immobilië profitéiert, muss och bereet sinn der Allgemengheet een Deel dovunner ofzeginn. Mir brauchen duerfir grad elo eng zäitlech ugepasste Reform vun der Grondsteier.

Dat ass net onbedéngt populär. Mee mir mussen elo handelen. Well, wéi sot de Staatsminister bei der Regierungserklärung 2009 – wann mir näischt maachen – da gëtt den Applaus vun haut de Päifconcert vu muer.

An dee solle mir eis an engem moderne Lëtzebuerg erspueren !