Eng aner Sicht vun de leschte Gemengewahlen

Eng fräi Tribün vum Diane ADEHM, Deputéiert a Presidentin vun den CSV Fraen

Léif Nolauschterer, 

De leschten 9. Oktober goufe jo am ganze Land nei Gemengeréit gewielt. Et ass vill iwwert dës Wahle geschwat a geschriwwe ginn. Ouni elo erëm eng Kéier verschidde Polemiken unzefänken, géing ech einfach gären op 2 Punkten agoen déi a mengen Aen e bëssen an der ganzer Diskussioun ënnergaange sinn. 

De éischte Punkt dee mech markéiert huet, ass, dass 8 Platzen an eise Gemengeréit uechter d’Land net besat goufe well net genuch Kandidaten do wären. Och wann dat manner wéi 1% ass, esou muss dat dach awer all Politiker nodenklech maachen. 

Den zweete Punkt dee mech markéiert huet, ass dass den Undeel u Fraen déi gewielt goufen nach ëmmer stagnéiert ëm déi 21%. All d’Parteien hunn sech dës Kéier vill Gedanke gemeet fir kompetent weiblech Kandidaten op hier Lëschten ze kréien. Am ganze Land wären 32% vun de Kandidate Fraen. An awer wär an 6 Gemenge keng eenzeg Fra Kandidat. An 5 Gemenge gouf keng Fra gewielt an an 37 Gemenge gouf nëmmen 1 eenzeg Fra gewielt 

Wat huet also net geklappt bei de leschte Gemengewahlen am Allgemengen, a fir d’Fraen am Speziellen? Ass d’Politikverdrossenheet bei eis am Land esou grouss dass ëmmer manner Leit bereet sinn sech anzesetzen an hire Gemengen? Oder ass et einfach en Zäit- oder Interessimangel bei ville Leit? Haut mécht een nu mol Gemengepolitik net méi einfach esou niewelaanscht, mä et muss ee sech an d’Matière eraknéien. Oder hu potentiell Politiker net méi d’Energie fir sech auserneen ze setze mat ëmmer méi egoistesche Matbierger déi seelen iwwert hiren eegenen Trottoir ewech kucken? Haut ass de Politiker oft den Uspriechpartner, an och muenchmol den Stoussnéckel, fir munches wat net ëmmer eppes mat der Politik ze dinn huet. 

Et muss een sech och d’Fro stelle firwat a 6 Majorzgemenge keng Fra sech gemellt huet. Sinn d’Fraen net un der Politik interesséiert? Oder hunn se einfach keng Zäit fir sech niewent hirer Famill an hirem Beruff och nach an d’Politik z’investéieren? 

Oder ass d’Politik fir munch Fraen nach ëmmer eng Männerdomaine aus der een sech besser eraus hält? A firwat goufen net méi Frae gewielt? Hunn d’Kandidatinnen d’Wielerinnen a Wieler net ugeschwat? 

Oder hunn munch männlech Wieler sech einfach iwwerrannt gefillt vun der ganzer Diskussioun ëm d’Quote fir Fraen a verschidde Beräicher?
D’Parteien hu probéiert hire Kandidatinnen eng gutt Bühn ze ginn fir dass si sech konnte beim Wieler bekannt maachen. Mee geet dat duer? 

Et stinn also nach vill Froen op.

Hei ass engersäits d’Politik gefuerdert fir eng éierlech Wahlanalyse ze maachen an och déi noutwenneg Moossnamen ze ergräife fir dass mir eis 2017 net erëm déi selwecht Froe stellen. 

Mee anersäits ass och de Wieler gefuerdert. Wéi oft hu mir an de leschte Woche Froen héieren iwwert Kandidaten a Gewieltener.  Do kann een awer just drop äntweren dass de Wieler déi politesch Vertrieder an der Verantwortung huet déi hie selwer gewielt huet. An deem Sënn wënschen ech all de Gewielten eng glécklech Hand a vill Courage fir déi nächst 6 Joer an e gutt Schaffen am Interêt vun eise Biergerinnen a Bierger.

Diane ADEHM
CSF Presidentin an CSV Zentrum Bezierkspresidentin

CSV Zentrum BezierkspresidentinCSV Zentrum Bezierkspresidentin