Courage beweisen!

Eng fräi politesch Tribün vum Serge Wilmes, Deputéiert an CSJ Nationalpresident

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

D’Gemengewahle sinn eriwwer an mat der Stoltripartite an der offizieller Rentrée vun der Chamber, stinn elo nees déi national an international Politik am Mëttelpunkt. Et gëtt och nees héich Zäit well hei villes am gaangen ass ze geschéien. Esou gëtt iwwerall op der Welt géint den aktuelle Finanzsystem demonstréiert; Griichenland steet kuerz virun der Faillite an zu Lëtzebuerg mécht eis Stolindustrie lues awer sécher hir Dieren zou. Datt alles sinn d’Konsequenze vun enger Wirtschaftskris déi nach laang net eriwwer ass an déi eben net nëmmen d’Welt an Europa mä och eist Land verännere wäert. D’Fro ass also net ob mir eng Kris hunn, d’Fro ass vill méi ob mir d’Verännerungen déi ze provozéiert begleede wëllen oder net?

Mir hunn deemno nach ëmmer een Choix. De Choix entweder näischt ze maachen, eis Verantwortung net ze iwwerhuelen an weider deenen nozelauschteren déi ëmmer nees betounen dat et eisem Land déi leschten 30 Joer dach esou gutt gaangen ass an et eis haut och nach ëmmer vill besser ewéi all eisen Noperen geet. Oder awer mir hunn de Choix an akzeptéieren endlech, dat mir keng Insel sinn an datt alles wat ronderëm eis geschitt och Konsequenzen op eist Land an seng Wirtschaft huet.

Dësen zweete Choix klengt villäicht net attraktiv an gëtt vu Villen als Ennergangsrethorik an als Wëlle fir “Sozialofbau” ze maache gesinn. Mä genee de Géigendeel ass de Fall! Dëse Choix huet nämlech domat ze dinn, dat een zemools als Politiker, seng Verantwortung iwwerhëlt fir net just kuerzfristeg ze denken an ze plangen, fir net op d’Interessë vun e puer Wéinege Rücksicht ze huelen déi nach ëmmer gäre méi hätten, mä am Sënn vun enger Solidaritéit tëschent de Generatiounen an am Sënn vun der Allgemengheet ze handelen.

Dëse Choix heescht och, dat een der Realitéit an d’Aan kuckt an gesäit:

– dat eis Finanzplaz ënnert der Kris gelidden huet an weider vun allen Säiten ugegraff gëtt, si an Zukunft also net méi an deem selwechte Mooss ewéi bis elo zu eiser Wirtschaftsleeschtung an dem Staatsbudget bäidroe wäert;

– dat eis produktiv Industrie am gaangen ass ze verschwannen an de Chômage ëmmer méi an d’Luucht geet;

– dat eis Wirtschaft net genuch op breede Been steet fir all dës negativ Entwécklungen ze bremsen;

– dat eis Gesellschaft ëmmer méi al gëtt an eisen Nowuess net méi gutt genuch op d’Erausfuederunge vun der Zäit preparéiert ass;

– dat mir also onbedéngt strukturell Reforme maache musse fir nei wirtschaftlech Weeër ze fannen, fir eis Schüler nees besser auszebilden an fir eise Pensiouns- an Gesondheetssystem kënne weider ze finanzéieren.

De Choix fir Reformen ze maachen an esou déi Kris an hir Verännerungen net just ze erdroe mä ze begleeden, deen ass net einfach an e riskéiert wéi ze doen. An trotzdem ass et deen Choix deen mir huele musse wann mir gären hätten datt all d’Generatiounen hei zu Lëtzebuerg reell Zukunftsperspektive behale sollen. Datt sinn mir hinnen, dat sinn mir eisem Land einfach schëlleg. An dozou gehéiert zugudderlëscht dat d’Politik no deem se hire Choix getraff huet, dësen och assuméiert an datt geet nëmme wann mir eppes beweisen

an zwar Courage!