D’CSV-Fraktioun huet déi traureg Pflicht den Dout vun hirem Deputéierten an President LUCIEN THIEL, matzedeelen.

Voller Trauer deelt d‘CSV-Fraktioun den Doud vum Deputéierten an Fraktiounspresident Lucien Thiel mat. D’Fraktioun verléiert a senger Persoun méi wéi nëmme säi President. Se verléiert och e Kolleg a gudde Frënd. Hien wor ëmmer beméit, fir d‘éischt als Deputéierten a Vize-President, an zënter Februar vun dësem Joer als Fraktiounspresident, den Dialog esouwuel intern wéi extern ze sichen.

Mam Verscheede vum Luss verléiert d’ Chamber an d‘Politik e Mann deen sech fir d’ Finanzplaz Lëtzebuerg, déi hien als fréieren ABBL-Direkter ewéi keen anere kannt huet, ëmmer nees agesat huet. D’Bewältegung vun der Kris an d’Sécherung vum Standuert Lëtzebuerg, Viraussetzunge fir d‘Zukunft vun eisem Land, stoungen am Mëttelpunkt vu senger politescher Aarbecht. Als geléierte Journalist huet hie sech an der Chamber e.a. och ëm d’ Beräicher Medien, Kommunikatioun an Héichschoul gekëmmert a mat vill Passioun déi zoustänneg Kommissioun geleet.

Doriwwer eraus wor de Luss e sozial engagéierte Mënsch. Joerelaang wor hien an der Fondatioun Kräizbierg aktiv, Fondatioun déi hien mat gegrënnt huet, an déi hien zënter dësem Joer presidéiert huet.

D’CSV-Fraktioun wäert hien als Mensch an als Deputéierten mat all séngen Qualitéiten an Verdéngschter ni vergiessen! 

Seng Deputéiertekollegen an d‘Mataarbechter vun der CSV-Fraktioun drécke senger Famill an dëse schwéiere Stonnen hiert häerzlechst Bäileed an déifste Matgefill aus. 

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun