Néi Aspeisetariffer bei de de Biogasanlagen

Eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Félix Eischen un den Här Minister vun der Wirtschaft

Här President,

Esou ewéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro iwwer d’Aspeisetariffer bei de de Biogasanlagen un den Här Minister vun der Wirtschaft weider ze leeden.

26 Biogasanlagen beliwweren den Ament hei zu Lëtzebuerg 45.000 Stéit 7 op 7 Deeg mat Stroum. Am règlement grand-ducal vum 8. Februar 2008 betreffend d’Aspeisetariffer an d’Stroumnetz gëtt fir d’Bedreiwer vun de Biogasanlagen Folgendes festgehalen :

Fir an de Genoss vun den neien Aspeisetariffer (déi tëscht 12 a 15 ct de KWStonn leien) ze komme mussen d’Anlagen :

1. hier elektresch Leeschtung schwätz installéiert Leeschtung ëm 20% eropgesat hunn

2. opgrond vun enger Referenzrechnung iwwert 3 Joer (vum zweete Joer un) déi netto Stroumproduktioun em 40% gehéicht hunn.

Nodeems d’Anlagen erneiert goufen kennen awer eng Rëtsch vun Bedreiwer dësen Ufuerderungen net nokommen. Bei enger Steigerung vun 20% Leeschtung kommen eng etlech Anlagen net automatesch op eng 40% Steigerung vum Output. Hei muss mat Motorleeschtunge vun 22 Stonnen den Dag gerechent ginn, wat extrem héich ass.

Duerch d’Wiederëmstänn aus de leschte Wochen, dat heescht duerch déi laang Drecheperiod an de Méint Abrëll a Mee, hunn vill Bedreiwer net genuch Biomass fir d’Anlagen, esou dass déi gefuerdert 40% och dacks net erreecht ginn.

Ass dëst de Fall ,an realiséiert den Opérateur och nëmmen minimal manner Leeschtung wei déi virgeschriwwe Quote, da fällt hien automatesch zréck op de Basistarif vun 7 ct mat deem keng Anlag fonctionnéiere kann.

Bekannt sinn och schon 2 Härtefall vun Bedreiwer déi grouss Beträg mussen zeréckbezuelen.

Bei engem Opérateur gouf desweideren um Netz geschafft esou dass hien während enger Zait net konnt aspeisen folglech de Produktiounsdefizit och net a senger Kompetenz louch.

An deem Kader, wëllt ech dem Här Minister vun der Wirtschaft dës Froe stellen:

  • Denkt de Minister opgrond vun dëse Virgaben, déi op recherchéierte Fakte berouen, drun déi gefuerdert Produktiounssteigerung vu 40% op 20% zreckzefueren a wa jo, a vu d’Urgence, wéi de Minister gedenkt ze reagéieren fir dës Situatioun esou séier wei méiglech ze änneren ?
  • Wei gedenkt de Minister bis dohinner bei Härtefall ze reagéieren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Felix Eischen
Deputéierten
 
Zréck