D’Aarbechtspolitik zu Lëtzebuerg am Kontext vun der Strategie Europa 2020

Eng fräi politesch Tribün vum Diane Adehm op RTL Radio Lëtzebuerg.

Léif Nolauschterer,

An de leschte Wochen ass vill iwwert d’Strategie Europa 2020 hei am Land diskutéiert a geschriwwe ginn. Et handelt sech heibäi ëm de Nofolger vun der Lissabon Strategie, déi et den europäesche Memberstaaten erlabe soll, gestäerkt aus der rezenter Wirtschafts- a Finanzkris erauszegoen.

Ee vun den Objektiver an dësem Zesummenhang ass, datt zu Lëtzebuerg bis 2020 den Taux d’emploi vun de Fraen a Männer am Alter tëschent 20 a 64 Joer soll bei 73% leien. Mir sinn awer weit vun dësem Objektiv ewech, haaptsächlech wat déi Jonk tëschent 20 a 24 Joer betrëfft, esou wéi eis sougenannte Senioren, dat heescht ab 55 Joer. Och bei de Frae gesäit et net esou gutt aus.

Aus dëse Grënn sinn eng ganz Rei Mesure virgesinn, déi esouwuel struktureller Natur sinn wéi och op déi spezifesch Besoine vun de Jonken, de Fraen, de Senioren a de Leit mat speziellen Uspréch aginn. 

Eng ganz wichteg Mesure ass d’Formatioun. Schonns fir déi Jonk ass eng zolid Basisformatioun d’Entréesdier fir op den Aerbechtsmaart eranzekommen. Dofir mussen hier Qualifikatiounen der Demande entspriechen. Mee och e gudden Diplom ass net méi onbedéngt e Garant fir eng fest Aarbechtsplaz, zemools a Krisenzäite wou d’Patronen sech gutt iwerléen op se Leit astellen oder net. Fir dës Jonk opzefänken huet de Staat de Contrat d’Appui-Emploi esou wéi de Contrat d’Initiation à l’Emploi virgesinn.

Déi Jonk, déi net d’Chance hunn fir e Schoulofschloss ze hunn, ginn duerch verschidde Mesure vun der ADEM an Zesummenaarbecht mat aneren Akteuren opgefaangen.

Mä och wann ee bis um Aarbechtsmaart ass, spillt d’Formatioun nach ëmmer eng wichteg Roll. Haut kann een sech net méi op deem Ereechten ausrouen, mä et muss ee sech stänneg weiderbilden. Och d’Regierung ënnerstetzt d’Weiderbildung an dofir huet eise Premierminister a senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt, dass de Staat seng finanziell Participatiounun vun der professioneller Weiderbildung wäert erop setzen. Doduercher setzt d’Regierung e wichtegt Signal a Richtung vun der Beschäftegung vun eisen Senioren.

Fir den Taux d’emploi vun de Fraen ze steigeren huet d’Regierung an de leschte Jore konsequent an den Ausbau vun de Betreiungsstrukture fir Kanner investéiert. Mä och hei bleift nach munches ze maachen . Et sinn zwar vill Fraen déi schaffen, mä vill vun hinne schaffen deelzäit, wat sech spéider wäert bei hire Pensiounsusprëch bemierkbar maachen.

Och fir d’Leit mat spezifesche Besoinen bleift nach villes ze maachen. Hei sinn an de leschte Joren eng Rëtsch Atelier protégés gegrënnt ginn, mä et geet nach laang net duer fir och dëse Leit d’Chance ze ginn, fir kënnen enger sënnvoller Beschäftegung nozegoen an esou eng eege Paie ze verdéngen.

Eng eege Paie am Kader vun engem Contrat à durée indéterminée dréit nämlech fir all Salarié dozou bäi säin Aarmutsrisiko erofzesetzen. Dofir ass eng efficace Aarbechtspolitik och esou wichteg fir den allgemenge Risiko vun Aarmut a Précaritéit an eiser Gesellschaft erofzesetzen an de Salariéen eng besser Liewensqualitéit ze garantéieren.