Jo, mä…

Eng fräi politesch Tribün vum Charel Hurt, President vun der CSJ-Stad a Memeber vum CSJ-Nationalkomitee op RTL Radio Lëtzebuerg

Léif Nolauschterer,

 

Den 11. Mäerz 2011 ass Japan vun engem Äerdbiewe getraff ginn, ewéi d’Welt bis dohin nach bal keen erlieft huet. Duerno Fukushima. De Reschtrisiko ass agetrueden!

A mir stinn ënner Schock! Mir hunn Angscht! Grad well mir sou kleng sinn, grad well mir vun 10 Atomanlagen direkt betraff sinn. A grad well mir kee groussen Afloss op déi nationalpolitesch Energiedecisioune vun eisen Noperen hunn.

Aus dëser berechtegter Angscht eraus gëtt mat vill Kaméidi, an och esou munchem (kommunal-) politeschen Opportunismus dat direkt Ofschalte vun deenen Atomkraaftwierker déi ons bedroe gefuerdert.

Jo, dës Fuerderung ass verständlech, besonnesch nom Fukushima-Schock, mä ass se realistesch?

Lëtzebuerg bezitt aktuell nach 23,4% vu sengem Stroum aus Atomkraaftwierker.

Doriwwer eraus kommen 52,6% vum Stroum aus fossillen Energiequellen an 21,3% kommen aus erneierbarer Energie, wuel verstan sinn dat bal integral Importer aus dem Ausland.

Jo, dës Zuele weisen, datt mir eppes ännere mussen! Mä si weisen och, datt eng nei Energiepolitik net duerch kuerzfristeg Fuerderunge kann areecht ginn, mä duerch ee laangfristegt Ëmdenken – a virun allem een europäescht Ëmdenken.

Well wat notzt et eis wann alleng mir nëmmen nach gréng Energie importéieren a produzéieren, wann am Rescht vun Europa d’Atom- an d’Kuelekraaftwierker monter weider dämpen?

Jo, dofir muss eist éischt Zil een Europa sinn, dat op propperer a sécherer Energie opbaut. Mä dëst Zil ass net vun haut op muer ze areechen. Et ass ee Projet fir puer Jorzéngten. D’Ofschalte vun den Atomkraaftwierker wäert just schrëttweis geschéien. Alleng ee Land wéi Frankräich, wat an der Stroumproduktioun zu 77 Prozent vun der Atomenergie ofhänkt, wäert Zäit brauchen.

Jo, mir brauchen och hei zu Lëtzebuerg eng nei Energiepolitik, mä dat bedeit eege Responsabilitéit droen, dat bedeit Spueren! Dat bedeit Gewunnechte änneren! Dat bedeit, datt vill muss an d’Entwécklung vun den erneierbaren Energien, vun engem intelligente Stroumnetz a vun der Energiespäicherung investéiert ginn. Dat heescht och, datt eng Réi Infrastrukture direkt virun eiser Dir musse gebaut ginn an dat och géint Partikularintressien. Dat bedeit en allgemengt Bewosstsënn, eng Bereetschaft op allen Niveauen, fir eng nei Form vun Energie!

Den nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft huet eng Petitioun an d’Liewe geruff. Bis elo hunn 3.364 Leit dës Petitioun ënnerschriwwen, mä fir ze vergläichen, 7.000 Leit hunn d’Petitioun géint d’Juegdgesetz ënnerschriwwen.

Mir däerfen eis also näischt virmaachen. An e puer Méint wäerten eis Ängscht, zesumme mat de schreckleche Biller aus Japan, ganz aus eisem Alldag verschwonne sinn. Wat geschitt dann? Si mir och dann nach ëmmer bereet a punkto Energie eppes ze änneren an ze beweegen?