Eng fräi politesch Tribün vum Maurice Bauer, President CSV International op RTL Radio Lëtzebuerg
Zesummen wuessen : Ennert desem Motto ass d’CSV 2009 bei den Chamberwaalen ungetrueden. Fir d’CSV ass a bleiwen d’Integratioun an d’sozial Kohesioun hei an eisem Land eng absolut Prioritéit.
Fir d’CSV léist sech d’Sozial Kohesioun net op engem Punkt festmaachen, mee spillt niewt der Integratioun a ville politeschen a sozialen Beräicher. Dës Koalitioun, an der Suite vun der viirechter, mat enger staarker CSV, huet die sozial Kohesioun an eisem Land bis elo gestäerkt, an et ass vir d’CSV eng Prioritéit, datt d’Sozial Kohesioun och weiderhin am Mëttelpunkt wäert stoen. Dest emsou mei an engem Moment wou eist d’Land virun groussen Erausfuederungen an wichtegen Entscheedungen steet.
Dei volontaristesch Integratiounspolitik vun der letzebuerger Regierung an den leschten Joren am Senn vun engem Mei un Sozialer Kohesioun dreit die kloer Handschreft vun der CSV. An wann een d’Situatioun an eisen Nopeschlänner kuckt, gesait wie wichteg eng gutt a waitsichteg Integratiounspolitik ass an wei gefeierlech et ka sinn wann desen Thema falsch ugepaakt gett. Die rezent Waalresultater vun der Extreme Droite, sief et an Frankreich, Belsch oder Holland ass mussen eis emmer drun erenneren wie eng Geforen hei laueren an dass et un eis ass dofir ze suergen dass et zu Letzebuerg net zou esou enger Situatioun kennt.
Op d’Gesetz iwert d’Integratioun vum Marie-Josée Jacobs oder d’Afeierung vum Congé Linguistique bedeiten eng Verdéiwung vun der Integratioun vun de Net-Lëtzebuerger hei am Land. Eng ganz besonnesch wichteg Reform wor dei vum Nationaliteitegesetz mat der Aféierung vum Prinzip vun der Duebler Nationalitéit. D’Zuelen iwert d’Ufro’en fir duebel Nationaliteit fir d’Joeren 2009 an 2010 weisen den enorm groussen Succes vun der duebler Nationaliteit hei am Land an confirmeieren des Entscheedung.
Leif Nolauschterer,
Mir stinn ronn 7 Meint virun denen nächsten Gemengenwaalen den 9.Oktober. Hei waert et ganz interessant ginn ze gesinn wei enn Afloss d’Gesetz iwert d’Erofsetzen vun den Aschreiwungsfristen vun den Net Lëtzebuerger Wieler bei den Gemengewalen op dräi Méint huet an virun allem dat neit Gesetz vun Enn Januar dest Joer waat d’Meiglechkeet schaaft, dass bei den Gemengenwaalen Net-Letzbuerger als Buergermeschter oder Scheffen kennen gewielt ginn.
Mat desen zwee wichtegen Gesetzer huet den Innenminister Jean-Marie Halsdorf ee kloert Zeechen gesaat fir d’Integratioun um Niveau vun der Gemeng hei am Land der demografescher Realiteit unzepassen. Wéi de Jean-Claude Juncker schons am Juni 2009 gesot huet, as d’Gemeng déi éischt Integratiounsplaz.
Et as hei wou Nët-Lëtzebuegrer an Lëtzebuerger sech begéinen, sech kennen a schaetzen léieren.
Bei all desen Reformen, wei och bei allen aneren Efforten, déi op méi Integratioun ofzielen, ass et d’lëtzebuerger Sprooch, déi et erlaabt d’Saache beieneen ze bréngen.
D’CSV ennerstetzt des voluntaristesch Integratiounspolitik vun der Regierung.
Fir all dei Leit dei net oder nach net letzebuergesch schwaetzen huet d’CSV eng zousätzlech Offer geschaafen. D’CSV International gouf gegrennt an wend sech un all Mensch den net oder net esougutt letzebuergesch schwaetzt an sech fir Politik hei zu Letzebuerg interesseiert oder awer un jidder ennzelnen den interesseiert ass hei matzeschaffen. D’Ziel vun der CSV International ass et Net letzebuerger d’Integratioun an der CSV an esou och am politischen Liewen zu Letzbuerg ze erlichteren. D’CSV ass die 1scht Partei zu Letzebuerg die op desen Wee gangen ass an esou den Net Letzebuerger d’Meiglechkeet geet sech besser kennen an d’Aarbechten vun der Partei anzebrengen.
Wann Dir also selwer oder soss Leit kennt dei interesseiert sinn fir an dem CSV International matzeschaffen oder zu aneren politeschen Sujeten, fannt Dir all Informatiounen op www.csv.lu. Mir inviteieren iech desen Weekend och op eisem Stand op dem Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté laanscht ze kommen an mat eis zesummen ze diskuteieren.
Maurice Bauer, President CSV International