De Buergermeeschter schwätzt Lëtzebuergesch

Eng fräi Tribün vum Gilles Roth op RTL Radio Lëtzebuerg

Gudde Mëtteg,

De Buergermeeschter schwaetzt Lëtzebuegesch, dat waert och no de Gemengewalen vum 9. Oktober hei am Land esou bleiwen.

D’Sproochekenntnis vum Buergermeeschter war eng vill gestallten Fro ronderëm d’Upassungen, déi d’Chamber virun enger gudder Woch um Walgesetz gemach huet. 

Mat dësem neien Gesetz kann e Nëtlëtzebuerger- sief dat een EU Bierger, mee och e Schwäizer, e Chinese oder een Amerikaner- Buergermeeschter oder Scheffen ginn.

D’CSV as eng Vollekspartei.

Mir hun och mat kritt, dass muenchereen, déi lescht Wochen am Land, méi oder manner hart geduecht huet, d’Opmachen vum d’Passivwalrecht fir all Netlëtzebuerger géif e bëschen wäit goen.

Mee, wéi de Staatsminister et schons am Juni 2009 gesot huet, as d’Gemeng déi éischt Integratiounsplaz.

Et as hei wou Nëtlëtzebuegrer an Lëtzebuerger sech begéinen, sech kennen a schaetzen léieren.

An een Nëtlëtzebuerger deen méi wéi 5 Joër am Land wunnt, sech an senger Gemeng op d’Wielerlëschten aschreiwt, de Courage huet fir sech dem Wielerwëllen ze stellen, jo fir deen muss och kënnen d’Integratioun bis hannenhin méiglech sinn.

Fir Buergermeeschter oder Scheffen ze ginn, muss een fir d’éischt emol an de Gemengerot gewielt ginn.

Et muss een dann och nach an dem Gremium, déi néideg Majoritéit kréien fir d’Geschecker vun enger Gemeng daerfen ze leeden.

D’Politik dréit mat dem méiglechen Zougank vun den Nëtlëtzebueger zum Schefferot, enger demographescher Realitéit an eisem Land  Rechnung.

De Choix vun denen politeschen Responsabelen op Gemengeplang obläit am Endeffekt nach ëmmer eleng dem Bierger.

Léif Nolauscheterer,

Zur Identitéit vun eisem Land, zielen all déi, déi hei wunnen an hei schaffen.

Zur Identitéit vun eiser Natioun zielt natierlech och d’lëtzebuerger Sprooch.

Grad dofir as d’Lëtzebuergescht duerch d’Sproochegesetz vun 1984 offiziell verankert ginn. Doniewent gëllen d’Däitsch an d’Franséischt als Verwaltungssprooch.

1995, zanterdeem d’EU Bierger hei am Land mat wielen kënnen goen, an och Gemengeconsellje kënne ginn, gouf och eng Sproocheregel fir de Gemengerot agefouert.

D’Lëtzebuergescht as an der Regel d’Sprooch am Gemengerot.

Een Gemengekonsellje- an demno nët e Member vum Schefferot- kann sech wuel op Däitsch oder Franséisch ausdrécken.

Hien huet awer keen Recht op eng Iwwersetzung.
Dës Bestëmmung as mam neien Walgesetz nët geännert ginn.

Een Buergermeeschter oder Scheffen–op Lëtzebuerger oder Nëtlëtzebuerger-muss demno Lëtzebuergesch am Gemengerot schwaetzen.

Mécht en dat nët, kënnen d‘Decisiounen vun dem Gemengerot annulléiert ginn.  

Léif Nolauschterer,

Et as awer gudd, wann de Buergermeeschter niewent dem Lëtzebuergeschen sech och op Däitsch oder Franséisch ausdrécken kann.

Well déi mannsten Bréiwer déi de Gemengechef kritt, an schreiwt, oder ënnerschreiwt sinn op Lëtzebuergesch verfaasst.

An, bei enger ëmmer méi grousser Komplexitéit vun den Dossieren, verlangt de Bierger, mat Recht, vun sengem Gemengepapp oder Gemengemamm, jo niewent gesondem Mënscheverstand och eng gewëssen Kompetenz.