D’Lëtzebuerger Wunnengsbaupolitik

Radiosémissioun iwwert d’Wunnengsbaupolitik vum Minister Marco Schank um RTL Radio 92.5 an 100.7

Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer!

D’Lëtzebuerger Wunnengsbaupolitik ass a bleift en dauerhafte Chantier. Eist Land ass opgrond vu sengem ekonomeschen Erfolleg een Awanderungsland. A näischt deit drop hin, dat dës Tendenz wäert gebrach ginn.

Méi Awunner bedeiten natierlech méi eng grouss Nofro um Wunnengsmaart. Des Demande gëtt dann nach duerch eng Rei Ëmstänn verstäerkt:

-Et ginn ëmmer méi Singlehaushalter: jonk Leit grënnen haut méi spéit eng Famill, eeler Leit sinn ëmmer méi laang valid.
-Duerch Scheedungen entstinn aus engem Stot der zwee.
-Derbäi kënnt d’Eidelstouë vu Wunnengen, besonnesch an de Stied.

De Wunnengs-Minister ass a senger Aktioun an 1.Linn op d’Mathëllef vun de Gemengeresponsabel ugewisen. Si eleng hunn zu Lëtzebuerg Planungshoheit, an zwar am Kader vun hire Bebauungspläng. A genau an dësem Zesummenhang huet de „Pacte logement“ en Paradigmewiessel agelaut.

Net manner wéi 103 Gemengen hu sech kontraktuell verpflicht esouvill Wunnraum op hire jeeweilegen Territoiren entstoen ze loossen, fir datt de Wuesstem vun eiser Bevëlkerung an de nächsten 10 Jor keng weider Präisexplosioun provozéiert.

Vill Gemengen hunn och erkannt, dat si selwer als „Promoteur public“ mat staatlecher Hëllef präiswerte Wunnraum fir hir Biergerinnen a Bierger kënne bereet stellen. Oder dëst zesumme mat engem Partner, wéi dem Fonds du logement, oder der SNHBM.

Dëst Ëmdenken huet et erméiglecht ee Fënnefjoresplang mat iwwert 9.000 Logementer op den Instanzewee ze bréngen. Hei investéiert de Staat méi wéi 500 Mio Euro. Doriwwer raus huet d’Regierung décidéiert, dat dës Wunnengen der Niddreg-Energieklass „B“ mussen entspriechen.

Mee och wat d’Qualitéit vun eisen zukünftege Wunnengen an hirem Ëmfeld ugeet, ass an deene leschte Méint vill geschitt. Stéchwuert: nohalteg Bauen a Wunnen!

Um soziale Plang huet d’Regierung am Dezember eng „Allocation Logement“ ugeholl. Vun dëser Hëllef profitéiere Leit, déi duerch ee Schicksalsschlag an eng prekär Situatioun gerode sinn, z.B. hir Aarbecht verluer hunn. Hei hëlleft de Logementsminister zäitlech begrenzt beim Zeréckbezuele vum Prêt resp. beim Loyer.

Ech denken do och un déi zukünfteg „Sustainable Building“-Zertifizéierung fir Wunnengen. Dëst wäert an Zukunft eng grouss Hëllef fir den Ukeefer oder Locataire sinn, well et him erlaabt ze iwwerpréiwen, op seng Wunneng letztendlech deem entsprécht, wat an der Brochure vum Promoteur versprach gouf.

Fir grouss Wunnbauprojetën gi vu ville Gemengen, dem Staat an den ëffentleche Promoteuren Urbanismus- an Architekte-Concoursen organiséiert.

Hei gi nei Akzenter fir d’Zukunft gesat. Ech denken dobäi ë.a. un d’Cité du Futur zu Diddeleng, den Ecomanertchen zu Iechternach, oder och d’Frichë vu Wolz. Dëst si Projeten, wou de Mënsch a seng Ëmwelt am Mëttelpunkt vun allen Iwwerleeunge stinn.

Villmools Merci fir d’Nolauschteren!

Marco Schank,
Logementsminister