Eng fräi politesch Tribün vum Sylvie Andrich-Duval, CSV-Deputéierten, op RTL Radio.
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Eist Land an seng Wirtschaft konnten joerzéngtelaang vum Räichtum deen an sengem rouden Buedem louch, profitéiren. Duerno vum Räichtum deen seng Finanzplaz erwirtschaft huet, bis, a béide Fäll, eng Kris d’Enn vun den gëllenen Zäiten agelaut huet.
Dofir ass et wichteg sech Gedanken ze maachen, op wat sech eist Land an Zukunft stäipen kann, an wéi mir eis Wirtschaft op méi breed Féiss stellen kënnen fir manner ofhängeg vun Krisen ze ginn?
Fir d’CSV läien d’Äntwerten op dës Froen haaptsächlech an de Käpp vun den Awunner vun eisem Land. An eisen Aen sinn d’Wëssen an Kënnen vun deenen Léit déi hei liewen dat gréissten Kapital fir d’Zukunft vun Lëtzebuerg.
An dofir ass et eng vun deenen wichtegsten Aufgaben vun der Politik, fir eisen Schoulsystem un d’Erausfuederungen vun der Zäit unzepassen. En éischten konkreten Schratt an déi Richtung huet di lëscht Regierung scho gemaach, wéi d’Primärschoul an d’Beruffsausbildung op de Leescht geholl goufen.
Elo huet déi aktuell Koalitioun wëlles, esouwuel deen ënneschten, ewéi den ierweschten Cycle vum klasseschen an techneschen Lycée ënnert d’Lupp ze huelen. D’Edukatiounsministesch huet an dësem Sënn schon éischt provisoresch Reformprojetën op den Dësch geluecht. D’Haaptzil dovunner ass, dat d’Schüler sech déi Kompetenzen an dat Wëssen am Laaf vun hirer Schoulzäit uneegenen, déi et hinnen erlaaben sollen fir herno am alldeeglechen Liewen, op der Uni a besonnesch an der Beruffswelt, Fouss ze faassen.
Allerdëngs steet a fällt all Schoulreform, sief se nach esou gutt duerchduecht, mat den Enseignantën. Et sinn si déi, déi déi geplangten Verännerungen matdroen an um Terrain emsëtzen mussen.
Dobäi huet sech den Beruff vum Enseignant genee ewéi d’Schoul an deenen lëschten Joeren staark verännert. Hautdësdags geet et net méi duer, dat een Enseignant an seng Klass erakënnt, d’Dier hannert sech zoumecht an dann säin Cours hält. Hien muss net nëmmen méi rengt Wëssen vermëttelen kënnen, mä dobäi och nach en Deel Erzéiungsaarbecht iwwerhuelen, déi soss d’Elteren doheem gemaach hunn. Doriwer eraus soll en méi differenzéiert op d’Bedürfnisser vun den eenzelnen Schüler agoen. Dat sëtzt viraus, dat den Enseignant méi ewéi just en exzellent theoretescht Wëssen muss hunn. Hien muss virun allem och iwwer gutt pädagogesch an sozial Fähegkeeten verfügen.
Dofir gëtt et fir d’CSV Zäit, datt, wéi de Regierungsprogramm et virgesäit, de pädagogeschen Stage, deen een maachen muss fir Professer ze ginn, un dat neit Profil vum Enseignant ugepasst gëtt. Momentan gëtt sech während deem Stage zevill mat Theorie erëmgeschloen, am Plaz d’Méiglechkeet ze hunn, fir an der Klass praktesch Erfahrungen ze sammelen. Dofir schléit d’CSV konkret vir, dat dat éischt Joer vum pädagogeschen Stage der Aarbecht um Terrain gëllen soll an dat zweet Joer eréicht dem theoreteschen Bagage. Nëmmen esou kann an eisen Aan garantéiert ginn, dat déi geplangten Reform vum Lycée méi ewéi just e puer Joer laang iwwerliewt!
Sylvie Andrich
CSV-Deputéierten