RTL Tribune libre: Videoiwwerwachung, Fir d’Privatsphär a géint den Iwwerwachungsstaat

Eng fräi Tribune vum Gilles Roth um RTL92,5

Gudden Mëtteg,

A senger Ried zur Laag vun der Natioun vum 9. Mee 2007, huet demols den Staatsminister gesot:

Am Prinzip gëllt: d’Sécherheet vun de Leit geet vir. Am Zweifel gëllt: d’Fräiheet huet Virfahrt well de Schutz vun der Privatsphär ass eng Staatsaufgab. Mir wëlle kee Land, mir wëlle keng Stad, mir wëlle keng Stroossen déi voller Kameraen hänken. Mir wëlle keen Iwwerwaachungssstaat deen an all Liewensverhältnisser an an all Bewegung vum Alldag eragesäit. D’Privatliewe geet de Staat näischt un. “

D’CSV Fraktioun huet dës Positioun an enger rezenter Chambersdebatt iwwert d‘Videoiwwerwachung konfirméiert.

Bei Kameraiwwerwachung muss den Equiliber tëschent dem allgemengen Recht op Secherheet an dem Respeckt vun den perséinlechen Grondfräiheeten vun dem Eenzelnen garantéiert bleiwen.

Dat zielt beim Ausschaffen vun de gesetzlechen Bestëmmungen. Mee och um Plang vun der praktescher Emsetzung vun denen Regelen op dem Terrain.

Eis Verfassung garantéiert de Schutz vun dem Privatliewen.

Jiddfereen huet d’Fräiheet dohin ze goen, wou e wëllt, ouni op eng arbiträr Aart a Weis iwwerwacht ze ginn.

All Aschraenkung vun der Privatsphär muss duerch d’Gesetz legitiméiert sinn.  

Mir hun hei am Land een modernt Dateschutzgesetz.

Et garantéiert no internationalen Standarden de Schutz vun der Privatsphär beim Opstellen vun Kameraen am privaten Beräich, grad wéi op ëffentlech zougängleche Plazen.

Dat muss och an Zukunft esou bleiwen.

Als CSV Fraktioun begréissen mir, dass d’Gerichter hei am Land  d’Anhalen vun der Dateschutzregelung ganz enk gesinn. 

Esou gouf décidéiert, dass eng Opzeechnung vun enger Kamera, déi net virdrun vun der Dateschutzkommissioun autoriséiert war, nët kann als Beweismëttel genotzt ginn, fir eng Strofdoot nozeweisen.

Verschidden Plazen an der Staat, wéi bei der Gare, dem Glacis, dem Aldringen, sinn als sougenannt Sécherheetszonen ausgewisen.

Hei gëtt eng systematesch Videoiwwerrwachung duerch d’Police gemach.

Déi gesetzlech Regelen ginn och an der Praxis agehal.

Et gëtt do keen Abléck op Privatpropriétéiten, d’Vidoeopzechnungen kënnen nëmmen vun bestëmmten Policebeamten gekuckt ginn, si ginn no enger bestëmmter Zäit gelescht, de Bierger gëtt duerch Schëlter drop higewisen dass hien sech an esou enger Séchercheetszone befënnt.

Mat dene Kameraen as den Opklaerungstaux vun Strofdoten an dene Sécherheetszonen méi héich.

Dës Kameraen machen dem Bierger villäicht méi een grousst Sécherheetsgefill ginn.

Mee den präventiven Notzen vun esou Kameraen erleng as domat awer nach nët bewisen.

Et muss een dat dofir an engem méi globalen Kontext-ënnert anerem mat vertaerkter Polizeipräsens op dem Terrain gesinn.

Mat Recht stellen vill Leit sech d’Fro, wéi et mat de privaten Kameraen ass.

Firwat muss een zum Beispill am Restaurant oder am Café gefilmt ginn? Wéiwäit geet an der Praxis d’Vidoeiwwerwachung op der Arbechtsplaz, an de Betriiber? Wat geschitt mat dësen Donnéeën?

As d’Gefohr vun onerlabten Awierken an d’Privatliewen vun dem Bierger hei nët vill méi grouss wéi bei de staatlech iwwerwachten Secherheetszonen?

Och, oder villäicht grad iwwert deen Aspekt vun der Videoiwwerwachung brauch et verstaerkt Opklärung.

Dëst as d’Aufgab vun der nationaler Dateschutzkommissioun.

Op politeschem Plang sinn mir als CSV jiddenfalls dorëms beméiht.