Nei Weeër fir eis Schoulmedezin

Eng Fräi Tribün vun der CSV Deputéiert Sylvie Andrich-Duval

Viru kuerzem gouf an der Chamber eng kleng Ännerung virgeholl um  Basisgesetz vum 1987 dat d’Schoulmedezin regléiert. Esou gëtt et méiglech, datt dat groussherzoglecht Ausféierungsreglement dat derzou gehéiert, eng erweidert legal Basis kritt. Dëst ass di 1. Phase vun enger méi globaler Reform déi demnächst soll an Ugrëff geholl ginn.







An enger méi globaler Suerg fir d’Gesondheet ze förderen, z’erhalen  a Krankheete virzebeugen, ass  di gutt Organisatioun vun der Kontroll an dem regelméissege Suivi vun der Gesondheet vun de Kanner an Jugendlechen eng Flicht. D’Schoulmedezin  muss un d’Konzepter vun der moderner ëffentlecher Gesondheet, grad esou wéi engem permanent wiesselnden Ëmfeld ugepasst ginn an hir Qualitéit muss verbessert gi fir et z’erlaben d’Problemer esou fréi wéi méiglech an hirer Gesamtheet z’erkennen. Bis elo huet  d’Qualitéit vun de Resultater effektiv vun den concernéierte Professionellen a Gemengen ofgehaangen.

Den Virdeel vun eiser Schoulmedezin par Rapport zu der vu verschiddenen anere Länner ass, dass obligatoresch präventiv Reienënnersichunge vun der gesamter Schoulpopulatioun duerchgefouert ginn, esou dass op dës Manéier praktesch 90% vun de Kanner a Jugendlechen erfaasst ginn. Et ass z’ënnersträichen dass all dës Ënnersichungen gratis sinn. Eisen System erméiglecht et all Kanner a Jugendlech selwecht z’erfaassen, egal wéi hir Originen an hire soziale Status sinn. 



  • D’Aktivitéiten an der Schoulmedezin sollen elo harmoniséiert ginn an d’Kollekt vun statisteschen Donnéeë soll standardiséiert ginn.











  • Et gëtt och vill méi Wäert op eng multidisziplinär Zesummenaarbecht geluet. Ze begréissen ass, datt eng Concertatioun tëschent de verschiddene Professionelle ronderëm d’Schoul muss stattfannen.








  • D’präventiv Moossname solle gefördert gi fir dass di Jonk bei gudder Gesondheet bleiwen, z.B. duerch genuch Beweegung. D’Fërderung vun der Gesondheet, d’Gesondheetserzéiung grad esou wéi d’Präventioun sollen elo bis zu 20% vun den Aktivitéite vun der Schoulmedezin ausmaachen.






  • Eng regelméisseg Permanence vum Personal, wéi der Infirmière, an de respektive Schoulgebaier oder Lokaler vun der Schoulmedezin ass och virgesinn an de gréissere Stied. Mee d’Präsenz ass nach laang net iwwerall assuréiert an di néideg Lokaler stinn och nach net iwwerall zur Verfügung.










  • D’Gesondheetsiwwerwaachung gëtt kohärent zu bestëmmten Schlësselalteren vun der Entwécklung a vum Schoulparcours vun de Kanner a Jugendlechen duerchgefouert. Et sollen elo Gesondheetsbilanë gemaach ginn déi besser un déi jeeweileg Altersgruppen ugepasst sinn an déi och der psycho-sozialer Dimensioun Rechnung droen.








  • Besonnesch sinn awer di sougenannten Risiko-Kanner  viséiert. Si musse genee am Aa behalen ginn an hir Problemer mussen  gewëssenhaft suivéiert ginn an engem bestëmmtene minimalen Délai. Wann néideg, mussen si weiderorientéiert ginn un  spezialiséiert Zerwisser, ouni awer e Stempel opgedréckt ze kréien.






  • Virun allem ass di geplangten Abannung vun den Elteren noutwenneg, spezifesch wat den Suivi vu Gesondheetsproblemer ubelaangt. Gutt fir d’Eltere wier et fir hinne je no Alter vun hirem Kand eng illustréiert an einfach Dokumentatioun mat verschiddenen Informatiounen zur Verfügung ze stellen (z.B. iwert d’Impfungen, d’Zännhygiène, di psychomotoresch Entwécklung, d’Sproochentwécklung bis d’Reglementatioun iwert den Alkohol a Fëmme goen.)








E weidere wichtegen Aspekt stellen di initial Ausbildung an d’Formatioun continue vun den Acteure vun der Schoulmedezin duer, well se essentiell zur hirer Qualitéit bäidroen. Dokteren déi nëmmen an der Schoulmedezin täteg sinn kéinten sech an dëser exklusiver Roll ageengt spieren. Dofir fënnt d’CSV eng Vernetzung mat der Basismedezin grad esou wéi d’Abannung vun den Kannerdokteren an der Ausbildung wënschenswäert.

Alles dat gehéiert zou den neie Weeër fir eis Schoulmedezin an si musse konsequent virugaange ginn!