Et geet net ouni Spueren

“D’CSV geséit et als hir Pflicht un, den Awunner vun eisem Land den Eescht vun der Situatioun ze erklären. D’CSV ass bereet, d’Responsabilitéit ze iwwerhuelen, fir ëmzebauen an Spuerefforten op de Wee ze bréngen. Bei dëse Spuerefforten wäert de sozialen Ausgläich am Mëttelpunkt stoen. D’CSV ass a bleift de Garant fir Sozial- a Familiepolitik zu Lëtzebuerg.” Den Deputéierten an CSV Generalsekretär Marc Spautz an enger Fräier Tribune op RTL 92,5, Meindes, den 10. Mee 2010

D’Ëffentlechkeet a besonnesch d’CSV huet sech an de leschten Deeg esou muenches a punkto Spuermesuren mussen ulauschteren. Vill vun dem wat gesot ginn ass, oder wat geschriwwe ginn ass, gehéiert awer an d’Kategorie vun den Hallefwouerechten a verguer den Onwouerechten. Et ass Fakt, datt d’CSV an hirem Wahlprogramm de Finanzéierungsvirbehalt betount huet.

Muenches vun dem wat wënschenswäert wär, ass net ze maachen, wéinst dem Enkpass bei de Recetten a wéinst dem wirtschaftlecher Gesamtlaag, esou steet et schwaarz op wäiss an eisem Walprogramm. Op eise sëlleche Walversammlungen op de Juncker on Touren, hu mir, d’CSV, gesot, datt an der zweeter Halschent vun der neier Legislatur, den Ofbau vum Defizit konzentréiert muss ugaang ginn.

Et ass richteg, datt weder d’lëtzebuerger Leit nach d’lëtzebuerger Betriber schold un der Finanzkris sinn. Si sinn och net Schold un der Wirtschaftskris. Nun ass et awer leider trotzdem esou, datt mir alleguer zesummen de greissten Deel vun de Käschte wäerten droen, déi dës Kris provozéiert huet.

D’Staatsrecetten briechen an, d‘Betriber sinn op Kuerzaarbecht, 15.000 Leit sichen eng Schaff, et sinn dat d’Zeechen, datt d’Land sech an der Wirtschaftskris erëmfonnt huet. Och wann verschidden Acteuren dat mordikus nët wëllen esou gesinn, et ass numol esou, datt zu Lëtzebuerg di sougenannt „fett“ Joeren definitiv eriwwer sinn.

En Haaptproblem vun der aktueller Wirtschaftskris ass, datt vill Bierger dës Kris nach net „spiren“. Dat de Staat iwwert seng Kapazitéite lieft, manifestéiert sech net an hirem Alldag. Gëtt dat awer en Dauerzoustand, dat de Staat méi a méi Schold mécht, wäert et sech am Alldag vun hire Kanner manifestéieren. Déi mussen d’Schold zréckbezuelen a si mussen deier Zënsen op d’Schold bezuelen.

D’CSV geséit et als hir Pflicht un, den Awunner vun eisem Land den Eescht vun der Situatioun ze erklären. D’CSV ass bereet, d’Responsabilitéit ze iwwerhuelen, fir ëmzebauen an Spuerefforten op de Wee ze bréngen. Bei dëse Spuerefforten wäert de sozialen Ausgläich am Mëttelpunkt stoen. D’CSV ass a bleift de Garant fir Sozial- a Familiepolitik zu Lëtzebuerg.

Wat definitiv net gëtt ass en „ëmmer méi“. Mir kennen eis dat mat Bléck op eis Zukunft a besonnesch mat Bléck op d’Zukunft vun eise Kanner net leschten. Devise vum Moment ka nëmme sinn, datt mir musse spueren. Net spueren fir ze spueren, mais spueren, fir dat mir net an de Liewenschance vun eise Kanner a Kandskanner reiberen. D’CSV well net, datt si d’Rechnung vun enger dréckender Staatsschold presentéiert kréien. Eis Kanner a Kandskanner hu Besseres verdéngt.

Kommt diskutéiert mat eis, eise Ministeren an Deputéiert. Mir stinn Iech Ried an Äntwert, zu Lénger an der Gemeng Käerjeng am Centre Sociétaire, Meindes de 17. Mee ass den Optakt. Di aaner Terminer sinn, Dënschdes, den 18. zu Ettelbreck am Stadhaus, Mettwochs, de 19, am Centre Culturel zu Zeisseng an Donneschdes, den 20 am Syrkus zu Rued-Sir. Ufank ëmmer um 19.30 Auer. Méi Detailer op csv.lu, an der Presse an, deemno wou der wunnt, och an Ärem Op de Punkt, der Zeitung vun Ärer CSV Sektioun. 

Marc Spautz, Deputéierten an CSV Generalsekretär, 10. Mee 2010