D’Gemengen, e Partner um Wee aus der Kriis.

Eng fräi Tribün vum Gilles Roth um RTL 92.5 an um 100komma7















D’Gemengen, e Partner um Wee aus der Kriis.

Gudde Mëtteg,

D’Spuermoossnahmen, déi d’Regirung kierzlech am Kader vun der Tripartite opgezechent huet, hun déi leschten Deeg nawell fir muench Opregung gesuergt.

Dës Spuermoosnahmen sinn dobäi keen Selbstzweck. Si sinn een Deel vun engem ganzen Paack vun Mesuren, fir eist Land aus der Kriis ze féieren.

Et geet drëms Lëtzebuerg fit ze machen fir d’Herausfuerderungen vun der Zukunft. An dat an engem verännerten, wirtschaftlechen Emfeld.

Mir mussen dobäi Wert leen op dat, wat eis an der Vergangenheet staark gemach huet. Eis sozial Kohäsioun. E Land vun de kuerze Weer. Gudd funktionéierend Institutiounen. Eng innovativ an zukunftsorientéiert Politikgestaltung.

An hei läit och Responsabilitéit op de Schëlleren vun eisen Gemengen. Si sinn e wichtege Partner um Wee aus der Kriis.

D’Zesummespill tëschend Staat an Gemengen muss klappen. An d’Regelwierk dofir gudd geuelegt sinn.

Sécher, an Zäiten wou d’Suen méi knapp ginn, zielen konkret Spuermoossnahmen och bei de Gemengen.

Mee hei kann et elo nët zu engem blannen Spuerfetichismus kommen.

Als ëffentlech Institutioun hun d’Gemengen och eng national Verantwortung.

Vill kleng an mëttel Betriber liewen zum groussen Deel vun den Opträg vun de Gemengen.

Domat sinn vill Arbechtsplazen hei am Land verbonnen.   

Déi lafend Funktionementskaeschten mussen duerfir virun allem méi efficace agesat ginn.

Bei ëffentlechen Auschreiwungen daerfen mir eis och net ze schummen, fir am Kader vun den gesetzlechen Bestëmmungen, grad an dësen Zäiten de lëtzebuerger Betriiber, Prioritéit ze ginn.   

Déi villäicht efficacten an gesondsten Spuermoossnahm an dësen Zäiten as virun allem eng Politik vun de kuerze Weer.

Decisiounen am nationalen Interessi mussen, grad elo, kuerzfristeg um Terrain kënnen emgesat ginn.

D’Concertatioun tëschend nationaler an lokaler Politik muss grad an dësen Zäiten ërem manner iwwert den administrativen Dingschtwee goen.

Dëst zielt virun allem bei der Opstellung vun de sougenannte Plans sectoriels, dat heescht déi grouss Leitlinnen nodeene sollen Wunnraum, Aktivitéitszonen, Stroosseninfrastrukturen an Gringzonen geschafen ginn. Och déi decksten an däiersten Etud kann d’Realitéiten vun dem Terrain net verkennen.

Mir brauchen konkret en neit Gemengenamenagéierungsgesetz, wou d’Emklasséierung vun Terraien fir neit Bauland, fir den néidegen Fräiraum fir Betriber, méi séier an virun allem méi onkomplizéiert iwwert d’Bühn geet.

D’Arbechten dorunner hun d’lescht Woch an der zoustänneger Chamberskommissioun ugefangen.

Beim Ausstellen vun enger Baugnehmigung mussen mir op de Wee goen, dass wann den Dossier komplett as, d’Baugenehmigung no 3 Méint automatesch ginn as. Et sief dann et gouf e motivéierten Refus.

Dat selwescht zielt fir d’Genehmigungen am Beräich vun der Emweltgesetzgebung. Hei mussen mir mat gesondem Mënscheverstand handelen.

Wann mir d’Ham iwwerall an der Mëllech kachen dann brauchen mir eis och net ze verwonneren wann villes hei am Land dräimol méi däier as wéi am nohen Ausland.

E verbessert Zesummespill tëschend Staat an Gemengen, vereinfacht Prozeduren an een méi onkomplizéierten Emgank tëschend eenzelnen Autoritéiten zielen duerfir grad an dësen Zäiten.

Mir mussen elo, all, zesummen upacken.

Am Interessi vun eisem Land, an virun allem senger Zukunft!