“An der Kris hëllefen d’Staaten der Wirtschaft, fir méiglechst net ze déif an ze laang an d’Rezessioun ze rutschen. Datt esou konjunkturell Hëllefen richteg a néideg sinn, dorunner besteet keen Zweiwel. Mee si däerfen net éiweg daueren.” Eng fräi Tribune vum CSV Europadeputéierten Frank Engel op RTL 92,5 an op Radio 100,7, 27. Januar 2009
De Staat ass weder Banquier, nach Entrepreneur. D’Wirtschaft muss selwer nees zu där Form fannen, mat där se d’Coursë vun der Zukunft wëllt bestreiden. Si ka just iwwer begrenzten Zäit vum Staat ënner d’Äerm gegraff kréien. Alles anescht géif zu engem System vu staatlecher Planwirtschaft féieren, dee mer net wëllen. Virun allem awer kënnen d’Staaten op Dauer hir aktuell Leeschtungen zur Förderung vun der Wirtschaft net packen. Fir dës Leeschtungen ze erbréngen, mussen d’Staaten sech nämlech selwer verscholden, an zwar kräfteg.
D’Verscholdung vun de Staaten an der Euro-Zon beweegt sech elo schon dramatesch iwwer deene Limiten, déi am Maastrichter Vertrag gesat goufen. Enn 2010, Ufank 2011 wäert se méi no bei 100 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung leien, wéi bei deene 60 Prozent, déi erlaabt sinn. Wann d’Staaten sech da weider verschëlle géifen, kéimen se an d’Gefor, hir Schold ni méi richteg ofgebaut ze kréien.
A Frankräich gëtt nächst Joer de Scholdendingscht mat iwwer 10 Prozent vun de Staatsausgaben deen héchsten Depense-Posten am Budget. Aner Staate si schon do, oder souguer doriwwer eraus. Fir Lëtzebuerg géif esou en Zoustand bedeiten, datt de Scholdendingscht all Joer méi deier wier, wéi d’Pensiounen, oder d’Familljepolitik, oder d’Budgeeë fir Fuerschung, Kooperatioun an ëffentlechen Transport zesummen. Dobäi sinn déi betraffe Staate mam Ofbau vun der Schold net sonnerlech presséiert. Wa bannent enger Generatioun, esou wéi dat ëmmer de Prinzip bei ëffentlecher Schold war, soll zeréckbezuelt ginn, da schwätze mer vun engem Véirel vum Staatsbudget, deen an de Scholdendingscht geet. Domat ass e Staat praktesch gelähmt.
Haut stellt sech d’Fro, wéi d’Banke mat deem Geld ëmginn, dat se massiv aus den ëffentleche Budgeeë kruten. Mir wëssen, datt et bei de Krediter un Haushalter a Betriber nach ëmmer klemmt. Dat bedeit, datt ze vill Banken d’Hëllefe behalen oder se fir Eegegeschäfter asetzen, aplaz se un déi real Wirtschaft, wéi dat genannt gëtt, weiderzeginn. Wann dat dauerhaft esou géif bleiwen, hätte mer zwar vläicht d’Finanzwirtschaftsanéiert, mee déi richtegnet. Déi freet – net nëmmen an der Baubranche, déi zum groussen Deel vun ëffentlechen Optreeg ofhänkt – no eegenen Hëllefen, a wann déi géife fléissen, da wier d’Konsequenz nach méi Verscholdung vun de Staaten, déi se bezuelen.
D’Spiral vun Defiziter a Verscholdung géif dréien, a ganz séier kéime mer dann zur Konklusioun, datt Steiere musse spierbar erhéicht ginn. Schliisslech hu Staate selwer kee Geld. Si hu just dat, wat se bei d’Bierger an d’Betriber a Form vu Steiere siche ginn. Ëmmer méi Schold, ëmmer méi Scholdendingscht, ëmmer méi Steieren, dat ass eng Logik, déi eis Economie definitiv géigeniwwer vun deenen anere Wirtschaftsbléck an der Welt géif hannendra werfen.
Et ass elo un de Kreditinstituter, fir sech hirer sozialer Verantwortung bewosst ze ginn, an der Realwirtschaft nees zu Schwong ze verhëllefen. An Europa – a glécklecherweis och op där anerer Säit vum Atlantik – gëtt un enger neier Reguléirungslogik fir d’Finanzmäert geschafft, déi an Zukunft Krise soll verhënneren. Esou wäit, esou gutt. Méi direkt kënnt et awer drop un, datt mer d’Wirtschaft nees aus der Tutelle vun de Staaten entlooss kréien, ier déi och um Bord vun der Faillite stinn. Dat bedeit, datt zimlech kuerzfristeg muss mat de staatlechen Hëllefen un d’Wirtschaft Schluss sinn. D’Politik däerf sech nämlech net selwer duerch total Iwwerschëldung handlungsonfäeg maachen. Soss hätte mer d’Wirtschaft zu Dout gerett.