“Wien och nëmmen e bësschen d’Politik bei eis am An huet, muss spéitstens bei den Budgetsdebatten an der Chamber nodenklech gi sinn.” Eng fräi Tribune vum Budgetsrapporter fir d’Joer 2010, dem CSV Deputéierten Lucien Thiel
Wann déi meescht vun eis – gottseidank – bis elo och nach net vill vun der Kris gespuert hunn, konnten si dach spieren, datt eppes amgaang ass, sech bei eis heiheem ze dinn.
Wann e Land, deem seng Economie joerelaang duebel esou séier gewuess ass wéi deenen aneren hir, an dat net vir näischt zu deenen räichsten op der Welt gehéiert, op emol feststellen muss, datt seng Rechnung hannen a fir net méi opgeet, well seng Ausgaben weider monter wuessen derbanst seng Recetten an de Keller ginn, da stëmmt eppes net méi. A wann seng Reserven, déi et an de gudden Zäiten gekéipt huet, fir domat d’Land ze moderniséieren, op eemol ewech,schmëlzen an sech an hirer Plaatz e Milliarden-Scholdebierg gekéipt, da misst och de Leschten am Land verstoen, datt iergendeppes net méi liwwereg mat eis ass.
An der Chamber ass déi Suerg méi wéi däitlech ginn, och wann se sech ënnerschiedlech ausgedréckt huet. Déi eng, déi gëschter nach soten, de Staat sollt dach seng vill Soen méi ënnert d’Leit brengen, sinn elo op emol der Meenung, et wier net genuch gespuert ginn. An déi, déi gewot hunn, vun deenen e bësschen méi schwéieren Zäiten ze schwätzen, op déi mir lass ginn, hunn sech missten soen loossen, si géifen der Däiwel un d’Mauer molen, well si sech an den Sozialofbau lancéieren wëlten. Mee ofgesi vun deem Gepicks, waren si sech am Fong dach all an der Chamber eens, datt mir et no dëser Kris méi schwéier wäerten hunn wéi virdrun, an datt mir eis dorop astellen missten.
Elo kann een natierlech d’Leit verstoen, déi sech froen, firwat mir dann nach eis Depensen weider wuessen loossen, wann mir op esou schlecht Zäiten lassteieren; do misst engem de gesonden Mënscheverstand dach soen, datt een esou séier wéi méiglech op d’Brems trieden misst. An et kann een och déi verstoen, déi sech elo froen, wou dann gebremst oder esouguer ewechgehuwelt wäert ginn, woubäi natierlech jiddereen heemlech hofft, datt et net bei him, mä beim Noper ugeet.
Natierlech ass sech d’Regierung bewosst, datt mir mat eiser sougenannter antizyklischer Politik am Ament iwwert eis Moyen liewen. Mee déi Politik ass jo net fir ëmmer geduecht, si soll just fir eng douce Landung suergen, wat dann och plus ou moins ze geléngen schengt.
De Revers vun der Medail ass natierlech d’Staatsverschëldung, déi ëmsou méi wiisst desto méi laang déi antizyklesch Politik gefuer gëtt. Dofir muss och spéitstens 2011 d’Kéier geholl ginn, eben déi Kéier, déi elo gefaart gëtt, well wuel keen verschount wäert ginn. Mee ofgesinn dovun, datt mir Lëtzebuerger esou muench Ki an der Vergaangenheet hu missten astiechen, déi eis éischter méi staark wéi méi schwaach gemaach hunn, wäerten mir och dës Erausfuerderung gemeeschtert kréien. An dat op déi bewäerten Lëtzebuerger Art a Weis, d.h. am Equiliber an am Konsens. Och dës Kéier wäert d’Tripartite eis hëllefen, d’Kéier ze kréien.
Lucien Thiel, Fräi Tribune op RTL 92,5 a Radio 100,7, Dezember 2009