Erneierung an der Kontinuitéit

Den CSV Generalsekretär Marc Spautz an enger fräier Tribune op RTL 92,5 a Radio 100,7, de Meindeg, 23. November a Mettwoch, 25. November 2009

Déi lescht Wochen stoung d’Erneierung vun de Parteistrukturen bei der CSV am Virdergrond. Erneierung betreffend d’Persounen awer Kontinuitéit betreffend Politik. 

Dës Erneierungen sinn bei der CSV statutaresch festgeluecht an esou ass de laangjäregen Parteipresident, de François Biltgen vum Michel Wolter ofgeléist ginn, den de virleschte Samschdeg mat ronn 90 % zum neien CSV Nationalpresident gewielt ginn ass. Him zur Säit stinn als Vizepresidenten d’Octavie Modert an den Claude Wiseler an ech, Marc Spautz als Generalsekretär. 

An och an de Bezierker stinn nei Leit un der Spëtz: am Osten d’Françoise Hetto-Gaasch, am Norden den Charel Pauly, am Zentrum de Mill Majerus an am Süden d’Sylvie Andrich-Duval. 

An bei den chrëschtlech-soziale Fraen huet Diane Adehm d’Christine Doerner ofgeléist. Konfirméiert goufen bei der CSJ den Serge Wilmes a bei der CSG de Gilles Roth. 

No dem enormen Vertrauen, wat Wielerinnen a Wieler der CSV am Juni geschenkt hunn, wor et jo bei de Memberen vun der CSV Regierungsequipe ënnert der Leedung vum Jean-Claude Juncker zu engem Wiessel komm. 

An och d’CSV Fraktiounsspëtz ass vum Michel Wolter op den Jean-Louis Schiltz iwwergaang. 

Nodeems mir mat 26 Deputéiert, dräi Europadeputéiert a neng Ministeren eis politesch Rentrée konnten begoen, war et fir d‘CSV wichteg, och de statutaresch festgeluechten Wiessel esou séier wéi méiglech iwwer d’Bühn ze bréngen. 

Ziel ass et mat neie Leit, déi nei Erausfuerderungen, déi virun eis leien, an Ugrëff zehuelen. 

Déi momentan schwiereg wirtschaftlech an finanziell Lag an eisem Land verlaangt kompetent Äntwerten vun der CSV. An dat op dem Fundament vun der CSV – also der kathoulescher Sozialleier. D’CSV hat an huet eng sozial Ausriichtung, awer ouni als wirtschaftsfeindlech ze gëllen. 

An der momentan ugespaanter Situatioun musse mir déi néideg Schrëtt ënnerhuelen, fir allen an do speziell och der Jugend vun haut eng Chance um Aarbechtsmaart ze bidden,. Mir mussen et fäerdeg bréngen, eise Staat esou ze organiséieren, dat mir um wirtschaftlechen, finanziellen, sozialen an ëmweltpoliteschen Plang no der Kris gutt opgestallt sinn. 

D’CSV besteet aus dem Dräieck Regierung, Fraktioun a Partei. An d’CSV hëlt op deenen jeeweilegen Plazen déi Decisiounen, déi fir d’Land an d’Leit noutwenneg a richteg sinn. 

Dat CSV dat kann, huet se an hirer ronn 90-järeger Geschicht schonns meifach bewisen. 

Am Mëttelpunkt vun deenen nächsten Joren wäert de sozialen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft stoen. Den Aarbechtsmaart mécht eis Suergen: Hei muss alles gemaach ginn, fir net weider an den Chômage ze rutschen an fir Mesuren ze fanne, dat déi, déi betraff sinn, net ze déif falen. Mir mussen eis nei opstellen bei der Beruffsausbildung, an der Schoul. Mir mussen eisen jonke Leit Zukunftsperspektiven opweisen. An do derbäi däerfen mir net déi méi Schwaach vergiessen. 

D’CSV als Vollekspartei huet déi Moyennen, déi noutwenneg sinn, fir déi verschidden Meenungen a Stréimungen an eiser Gesellschaft op de gréisst méiglechen gemeinsamen Nenner ze bréngen. Mir erhiewen awer net den Usproch, dat all Mënsch eis Meenung muss deelen. Ënnerstrach muss awer ginn, dat d’CSV bewisen huet, dat se d’Kraaft fir Verännerungen huet. Mir stinn an der Mëtt vum Vollek. Dat beweist och déi 38% bei de leschten Wahlen. 

CSV wäert dat Vertrauen, wat d‘Wielerinnen an d‘Wieler hir am Juni geschenkt hunn, net enttäuschen. An och mat den personnelen Wiessel wäert d’Kontinuitéit an der politescher Grondausriichtung vun der Partei garantéiert sinn. 

Zesummen mat eisen Vertrieder an Chamber, Regierung an Europaparlament wëlle mir als CSV d’Politik am Interêt vum Land an sengen Awunner gestalten. 

Marc Spautz, CSV Generalsekretär, 23. a 25. November 2009, Fräi Tribune op RTL 92,5 a Radio 100,7