Merci

An deene leschte Wochen hunn d’Kongresser vun de Bezierker an den Ënnerorganisatioune vun der CSV stattfonnt. Duerch di grouss Zuel vu Militanten, déi hei derbäi waren, konnt een di positiv Stëmmung spieren, déi sech schonns zënter dem Fréijor duerch de ganze Verlaf vun eiser erfollegräicher Wahlcampagne gezunn huet.

D’Erneierung vun der CSV – mat der Wiel vu véier neie Bezierkspresidentinnen a Presidenten, dem Françoise Hetto-Gaasch, Sylvie Andrich-Duval, Charel Pauly a Mil Majerus geet virun. Dës Erneierung ass ee kontinuéierleche Prozess, dee lafend neie Membere Responsabilitéit iwwerdréit, op nationalem Niveau wéi och bei de Bezierker, de Sektiounen an den Ënnerorganisatiounen, wou mat dem Diane Adehm als nei CSF-Presidentin, mam Gilles Roth an Serge Wilmes als confirméiert CSG- an CSJ-Presidenten Erneierung an der Kontinuitéit assuréiert ass.

Mat Iech am Gespréich

Di fest Verankerung vun eise Responsabel an alle soziale Bevëlkerungsgruppen ass ee maassgeblecht Element, dat d’Stäerkt vun der Vollekspartei CSV ausmécht, déi an alle Schichten a Regioune vun eisem Land fest verwuess ass. Mir schaffe konsequent heifir, besonnesch di vill Sektiounsverantwortlech, déi Dag fir Dag am perséinleche Gespréich Iwwerzeegungsaarbecht fir d’CSV leeschten a nei Membere rekrutéieren. D’CSV ass eng Vollekspartei an eng Memberpartei. All Member kann an eiser Partei un der politischer Aarbecht partizipéieren an all Member fënnt mat sengen Uleies oppen Dieren.

E besonnescht Uleies war fir d’Parteispëtzt di lescht dräi Jor den Dialog an der Partei, mä virun allem och ausserhalb vun der Partei: „Mat Iech am Gespréich” war vläicht eise wichtegste Projet. Mir waren – a sinn – no bei de Leit um Terrain, an de Stied, an de Quartieren, an den Dierfer, am direkten Wunnëmfeld, do wou d’Musek spillt, do wou d’Leit sech an éischter Linn fir Politik interesséieren a Froen hunn: Wéi sécher dem Eenzelne seng Aarbechtsplaz ass, wou a wéi hir Kanner an d’Schoul ginn, wéi se betreit ginn, wéi d’Mobilitéit an hirem Eck fonktionéiert, ob et do erschwéngleche Wunnraum gëtt oder net, wat den Eenzelne fir Klimaschutz maache kann? – an esou weider.

An de Reflektiounskreeser an an der Virbereedung vun eisem Wahlprogramm hunn nobäi dausend Memberen zesumme geschafft. Op eisen internen Diskussiounsowender, awer och an Entrevuë mat der Zivilgesellschaft, ass déi administrativ a politesch Aarbecht vun der Partei diskutéiert ginn. An ëffentleche Versammlungen – zesumme mat eiser Ministesch a Ministeren – hu mir mat de Biergerinnen a Bierger den Dialog gesicht.

Bonne Chance

All dës kleng – an nach vill aner – Schrëtt hunn dozou bäigedroen, datt eis Partei do steet, wou se lo ass. Mat enger staarker Fraktioun am Parlament, mat enger erneierter Regierungséquipe a mat villen engagéierte Memberen an der CSV. Dorop léisst sech opbauen an ech zweiwele kee Moment drun, datt di nei Equipe, déi um Nationalkongress muer Samschdeg zu Mutfert vun der Basis gewielt gëtt, am selwechte Geescht weider schaffe wäert.

E besonnesche Merci un eis vill Memberen a Militanten an de Sektiounen, mat deenen ech di lescht dräi Joer zesumme konnt schaffen. Ären Engagement war an ass exemplaresch, an Dir sidd d’Stäerkt vun eiser Partei.

Op Iech ass Verlooss. Ech sinn iwwerzeegt, datt och di nei Equipe op Iech ziele kann!

Marco Schank
CSV-Generalsekretär