Mir sinn alleguerte gefuerdert

Ausschnëtter aus enger Ried vum Félix Eischen zur aktueller Situatioun an der Landwirtschaft

De Bauer a säi ganze Beruffsstand stoung an de leschte Wochen a Méint dacks op der éischter Säit vun der Aktualitéit. D’Suergen an d’Problemer goufen op di ënnerschiedlechst Art a Weis zum Ausdrock bruecht. Manéieren iwwert déi een diskutéiere kann, mä déi och ganz sécher dem Bauer kee Pleséier maachen an ënnersträichen wéi eescht d’Situatioun an en etlech Betriber ass.

A ville vun deenen 839 Lëtzebuerger Mëllechställ geet d’Angscht ëm, dass sech den Opwand geschwënn net méi lount. D’Léift, déi de Bauer fir säi Beruff muss hunn, ass enger immenser Onsécherheet gewach.

Op Initiative vun der CSV gouf et beim Optakt vun der neier Chambersessioun eng Orientéierungsdebatt iwwert d’Landwirtschaft. Nieft dem Lucien Clement hunn och d’Kollegen aus alle Parteien ze verstoe ginn, dass de Problem eescht ze huelen ass.

Respekt ass d’Stéchwuert

Fakt ass, dass de Produzent einfach net méi genuch fir seng Produkter kritt an vill ze vill am Tëschenhandel hänke bleift. Fir dee Akommesverloscht auszegläiche muss op heich Quantitéite gesat ginn, wat eng kapitalintensiv Landwirtschaft erfuerdert, mat der Fro: Wéi laang dat nach kann esou goen. Desweidere besteet de Risiko, dass wann net vun allen Acteure reagéiert gëtt ,dat heescht vum Bauer bis bei den Endkonsument, mir eng Kéier an eise Breedegraden ofhängeg vum Liewensmëttelimport ginn, wou mer net méi wësse wat mer iessen.

D’Regierung huet ënnerstrach, dass scho vill gemaach gëtt, vun der TVA -Erhéijung iwwert d’Ënnerstëtzung bei der Mellechkontroll bis bei d’Primen, dei méi séier ausbezuelt ginn, mä dat sinn d’Bränn, dei elo geläscht ginn.

En neit Denke schéngt inevitabel. An dat Denken heescht Respekt; Respekt virum dem Liewensmëttel wat mir an eis ophuelen, dat ass och eng Fro vu Respekt virun eisem Kierper. Respekt virum Bauer, deen och am Respekt virun der Ëmwelt an dem Déier dat Liewensmëttel soll hierstellen. Nëmmen esou ass deen oniwwersiichtlechen Däiwelskrees vun " ëmmer méi " ze duerchbriechen.

Mir sinn alleguerte gefuerdert.