Den CSV Deputéierten Félix Eischen an enger fräier Tribüne op RTL 92,5 a Radio 100,7
Wann an den leschte Wochen a Méint iwwert eis an déi europäesch Landwirtschaft Riets goung, da war dat meeschtens am Kontext vu Problemer a Suergen déi d’Acteuren zum Ausdrock bruecht hunn .
Dat op Art a Weisen iwwert déi een diskutéieren kann , mä eppes ass kloer, wann de Bauer mam Trakter muss an d’Staat kommen fir ze demonstréieren oder esouguer déi mat vill Méi gestrachen Mëllech ausschëtt, dann ass eppes faul am System.
Well gleewt mir, et gëtt keen, awer och wierklech keen een deen haut gären heiuewen um Kierchbierg ass .Alleguerten hätten se beileiwen genuch Aarbecht doheem .
De Bauer ass Bauer ginn aus Léift zum Beruff , et schafft keen siewen Deeg op siewen eng Dozen Stonnen den Dag, wann en net frou ass mat senger Aarbecht.
A wann deen Opwand sech elo net méi lount , wann deen Opwand et net erlaabt, Enn dës Mounts d’Enner beieneen ze kréien, dann ass wei gesot eppes faul am System.
Op Initiative vun der CSV gouf et beim Optakt vun der neier Chambersessioun dës Woch eng Orientéierungsdebatte iwwert Landwirtschaft .
De Lucien Clement huet d’Analyse vum Secteur gemaach an Debatte mat de Kollegen aus allen Parteien huet gewisen, dass de Problem erkannt an ganz eescht ze huelen ass .
4000 Leit schaffen an deenen knapps iwwert 2200 Betriber .
839 Betriber sinn op d’Mëllech spezialiséiert an déi hunn lescht Joer mat 40.000 Kei ronn 277.mio Liter Mëllech gestrach ,dat si bal 7000 Liter all Kou .
Daat ass vill mei wei soss.
An elo kann eens ech d’Fro stellen, op et dann néideg ass esou Turbokei ze hunn.
Wann een dann awer weess, dass den Ament knapp 24 Cent un de Bauer ausbezuelt ginn , da versteet een, dass den Akommesverloscht duerch eng méi héich Quantitéit muss ausgeglach ginn .
Et ass sécher en Däiwelskrees, hei bäisst d’Kou sech an de Schwanz.
Ech well och bezweiwelen, dass de Bauer glécklech ass , esou kapitalintensiv mussen ze schaffen .
Wa soss gesot ginn ass “ mat enger Ball Weess ( dat sinn 2 Zenner , 100 kilo ) kannste dir e puer Schung kafen “, haut brauchste eng Tonn dee Kären .
Fir ee Liter Mëllech kruuste soss eng gutt Mëtsch , haut muss de Bauer 4 Liter sträichen fir e Croissant.
D’Fro déi een sech muss stellen ass ; vierwaat bleift esouvill am Tëschenhandel hänken .
Huet de Bauer den Zuch verpasst , oder huet d’Politik deeselwechten verfuer .
Méiglech ass alles , Fakt ass just , wann net vun allen Acteuren reagéiert gëtt , vum Bauer bis bei den Endkonsument , da komme mir an eise Breedegraden eng Kéier an d’Situatioun, ofhängeg ze sinn vun Liewensmëttelimporter , a wou mir net méi wëssen, wat an de Päckelcher dran ass .
Wat ass ze maan ?
E gëtt scho vill gemaach , d’Regierung huet et nach eng kéier ënnerstrach ;
De Staat hëlleft bei Kranken a Pensiounskeesen , TVA geet erop , 70 % vun der Mëllechkontrolle gëtt gedroen , Primen gi méi séier ausbezuelt an de Waasserpräis ass avantagéis .
Dat elo mol fir direkt .
Elo sot dir vläicht , alt erëm fir d’Baueren . Mee , pardon hei geet et net alleng ëm de Bauer.
An elo kucke mir emol e bësse méi wäit;Wann et nämlech kee méi gëtt ,kee Bauer, an den Risk lafen mer en bësschen , da sti mir eng kéier mam Gewier bei der Porette.
Et geet hei definitive ëm eis all, ëm dat wat mir um Teller hunn, ëm déi Landschaft déi mir gären hunn ,ëm dat Land wou mir gären liewen.
Sidd dach emol éierlech ,
Wann dir bereet sidd, Suen fir mikrowellgerecht industrieproduzéiert Hamburger auszegin, da misst misst de Wellen dach och bestoen, een uerdentlecht frëscht Stéck vum Lëtzebuerger Randbéischt ze kafen, zu engem Präis wou de Produzent och zefridden ass.
Mir schëdden jo alleguerten gären gudde Uelech an eise schéinen Auto , huet eise Kierper dat dann net och verdéngt .
Mat der néideger intelligenter Sensibilisatioun, déi an de Schoulen scho soll ufänken, sinn ech iwwerzeegt, dass de Konsument bereet ass matzemaachen,
MEE dofir muss ganz sécher awer och beim Bauer den Innovativgeescht zeréckkommen Diversifikatioun zielt och fir d’Landwirtschaft , et ginn et etlech Platzen wou dat fonctionnéiert.
Et misst jo och net esou sinn, dass de Gros vun deem wat u Schwéngs- Kallef , Poulet , a Schoofsfleesch hei konsuméiert gëtt, aus dem Ausland muss kommen .
Ech ginn zou, dass en Jambon de Parme an eng spuenesch Pieta negra gutt ass , mä eng Eislecker Ham huet och säi Charme a seng Qualitéit , elo schwätzen ech emol net vun der CO2 Bilanz
An ech schwätzen ech nach net vum Gebeess dem Quetschkraut , dem Geméis , dem Sauermous an dem gekachte Kéis .
Wann dir elo nach um Dësch setzt, da loosst iech de Kaffi gutt schmaachen , ech drécken och en A zou op elo e Schotz Mëllech dran ass oder net , mä loosst iech et just eng Kéier duerch de Kapp goen, dass jidderee vun eis der Landwirtschaft hëllefen kann.
Mir duerfen de Bauer net hänke loossen, fir dass en och muer nach kann senger Vocatioun nokommen;
Mat Léift gesond Liewensmëttel hierstellen, am gréisstméiglechen Respekt virun der Natur an dem Deier .
Mir hunn all eppes dervun
Félix Eischen, Frài Tribüne op RTL 92,5 a Radio 100,7, 19. Oktober 2009