De Lucien Thiel, Budgetsrapporter an CSV Deputéierten iwwert de Budgetsprojet 2010 an enger Fräier Tribune
Et ass éischter seelen, datt e Budget fir esouvill Opsinns bei de Leit suergt, wéi deen, deen eise Finanzminister d’lescht Woch fir dat anert Joer virgestallt huet. Dat huet bestëmmt eppes mat der Kris ze dinn, mat der d’ganz Welt sech am Ament erëmklappt an déi eis op Schratt an Tratt vun de Medien servéiert gëtt. T’ass nëmmen normal, datt een sech do freet, wéi dat dann bei eis heiheem mat der Kris ass a wat eis Politiker dergéint ennerhuelen? Zum Beispill am Budget fir datt anert Joer.
Muenchereen vun deenen, déi sech eng Grëtz fir Politik interesséieren, ass e bësschen iwwert deen Budget verwonnert, well hien sech nach ewell éischter op en Spuerhaushalt gefaasst hatt, wéi een dat a Krisenzäiten gewinnt ass. Mee mir kruten e Budget servéiert, an deem kaum Bremsspuren ze mierken sinn. Am Contraire: et gëtt weiderhin kräfteg beim Staat gebaut an d’Kafkraaft vun de Leit gëtt esou gutt et geet op hirem gewinnten Niveau gehal.
Datt huet allerdéngs säin Grond. Et gouf uechter Welt décidéiert, géint de Krisestroum ze schwammen, dat heescht eng antizyklesch Politik ze fueren, fir d’Economie souzesoen kënschtlech am Jumm ze halen an domat ze verhënneren, datt mir all an eng Rezessiounsspiral geroden. Déi Rechnung schéngt jo och méi oder wéineger opzegoen, well neierdéngs gesinn d’Konjunkturpropheten schonns Luucht um Enn vum Tunnel a léisen eleng domat erëm euphoresch Gefiller op de Finanzmäert aus, nach éiert déi d’Kris richteg verdaut a virun allem hir Lektiounen draus geléiert hunn.
Mee mam Opschwonk wäerte mir eis nach e bëssche gedëllegen missen. Ofgesinn dovun, datt eng séier Reprise nach laang net gewëss ass, huet déi Antikrisepolitik all d’Länner an eng Verschëldung gedriwwen, aus der een sech emol muss erëm erausschaffen, éiert een iwwerhaapt vum nächste Boom dreemen kann. Oder sollte mir eis an d’Verschëldung stierzen an deenen, déi no eis kommen, e Koup Scholden nach zousätzlech op deen tippen, deen mir hinnen souwisou mat eiser béis nohalteger Pensiounslaascht hannerloossen wäerten?
Dofir wäert den 2010er Budget einstweilen emol dee leschte sinn, bei deem mir nach de Fouss um Gas hunn. Am Ament gët jo och schon op deenen sëllechen Sommeten an och an eisem Premier sengem Euro-Grupp haart doriwwer nogeduecht, wéini et wuel Zäit wäert ginn, fir d’Kéier ze huelen.
Fir eis heescht dat wuel net méi an net manner, wéi datt mir am Budget fir dat iwwernächst Joer op d’Brems klamme mussen, fir datt d’Rechnung iergendwann erëm eng Kéier opgeet a mir eis aus dem Scholdelach erausgeschafft kréien, wat eiser Regierung no bis un d’Enn vun der Legislatur de Fall misst sinn.
Datt awer wäert nët grad esou einfach ginn, scho guer net, well sech nach ewell gär hannert der internationaler Kris eng national verstoppe kënnt, déi eppes mat eiser Finanzplaz ze dinn wäert hunn.
Wat do riskéiert, op eis Mëllechkou zouzekommen, kënnt zur Folleg hunn, datt mir an Zukunft mat eiser Economie net méi grad esouvill méi héich iwwert alldeenen aanern fléie werten wéi bis elo, an datt mir eis dann deen gewinnten Train de vie kaum nach leeschte kënnen.
Dat ass déi grouss Erausfuerderung, déi op eis zoukënnt. Op déi mussen mir eis mat Zäit virbereeden. Well soss kënnt et emol schwéier ginn fir d’Kéier ze kréien.
Mee, gediet, et wier jo net déi éischt Kéier, déi mir kréien missten.
Lucien Thiel, 5. Oktober 2009, RTL 92,5 an 100,7