Eng Chance fir eis Jugend

“Jugendlech a Beschäftegung bréngen”. Fräi Tribüne vum Marc Spautz, CSV Deputéierten, op RTL 92,5, Meindes den 21. September 2009

Léif Nolauschterer,

Lescht Woch huet d’Regierung e Projet mat neien an adaptéierten Mesuren, fir déi Jugendlech a Beschäftegung ze bréngen, op den Instanzewee ginn. 

Dës nei Mesuren baséieren op Textvirlagen, déi de virrechtegen Aarbechtsminister François BILTGEN ausgeschafft hat, a mat den Sozialpartner diskutéiert huet. Op Grond vun deren Remarquen a Suggestiounen ass dann elo den Initialtext liicht vun der neier Regierung adaptéiert ginn.

D’Bekämpfung vun der Jugendaarbechtsloosegkeet stung ëmmer am Zentrum vum Interessi vun der CSV.

D’Philosophie ass a bleift, dat déi Jugendlech prioritär op eng Schaff kommen, an net vun der ADEM an Mesuren geschéckt ginn, déi hinnen keng direkt Berufszukunftsperspektiven bidden an se zum Deel esouguer a der falscher Hoffnung weien, elo schonns eng fest Plaz ze hunn.

Dës Instrumenter, déi vun der viirechter Regierung entwéckelt goufen, sinn awer definéiert ginn virum Hannergrond vun enger Economie, déi Aarbechtsplazen kreéiert huet.

Haut, um Hannergrond vun Astellungsstop bei villen Betriber an vun enger schwaacher Economie as et esou, datt zeguer héichqualifizéiert Jugendlecher et schwéier hunn en direkten Zougang op den Aarbechtsmaart ze kréien. Dofir hat de François BILTGEN schonns virun Méint Propose gemeet, nieft enger Lackerung vun den traditionellen Mesuren aus dem Projet 5611, also dem CAE (Contrat d’appui-emploi) – eng Mesure vir den staatlechen Secteur an den CIE (Contrat d’initiation à l’emploi) – eng Mesure vir den Privatsecteur, en neien CIE anzeféieren deen den qualifizéierten Schoulofgänger et sollt erlaben op eng pragmatesch an schnell Art a Weis praktesch Beruffserfahrung ze maachen, an dat mat enger Indemnitéit vun 1,5 mol den Mindestloun also 2524 Euro brutto.

Dëst soll et den Jonken erlaben, duerch een “Praktikum” den éischte Schrëtt an een festen Job ze maachen. Et sinn dës exklusiv Krisenmoosnamen, déi an der Zäit bis den 31 Dezember 2010 virgesinn sinn. Domatten ënnersträicht d’Regierung net nëmmen hiert Vertrauen an d’Relance vun eiser Wirtschaft, mä confirméiert och d’Richtegkeet vun den Moossnamen aus dem Projet 5611 um Hannergrond vun enger normaler Wirtschaftssituatioun.

Och wollt d’Regierung, iwwregens am absoluten Aklang mat den Sozialpartner, dësen Jugendlechen de Wee op d’ADEM sou wäit wéi méiglech erspueren, woufir notamment och déi néi Plattform “Anelo” geschafe gouf. Esouwuel d’Internet Plattform, wéi och den gemeinsame Büro, den beim Centre de documentation sur l’enseignement supérieur Cedies besteet, ënnersträicht dat nëmmen zesummen den Héichschoulministère,Ministèren vun der Famill, der Aarbecht an der Educatioun, grad wéi mat der ADEM, d’Erausfuerderung vun dëser Krise kennen meeschteren.

Um Internet dann sollen d’Praktikumsplazen vu Patroën ugebueden ginn, den Jugendlechen kann säin CV dorober setzen an esou kennt den direkten Kontakt mat potentiellen Patronën zustan. Do derniewent huet de Jugendlechen, duerch déi direkt Abezéiung vun der ADEM, all Rechter wéi den ageschriwwenen “Demandeur d’emploi”.

De Succès awer vun dëser Moossnam hänkt eleng vun der sozialer Verantwortung vun den Patronën of, déi hei verstäerkt innovativ denken mussen an Stagesplazen zur Verfügung stellen mussen. Dofir ginn se massiv finanziell vum Staat ënnerstëtzt a kréien am Fall vun enger direkter Astellung vum Jugendlechen no sengem Praktikum och nach eng Prime vun zousätzlechen 30%Participatioun op den bezueltenen Indemnitéiten ausbezuelt.

Der Jugend och an der heitéger Zäit eng Chance ginn, dat ass de Prinzip vun dëse Mesuren.

Ech soen Iech Merci vir Nolauschteren. 

Marc Spautz, CSV Deputéierten, 21. September 2009 RTL 92,5

De Berodungssite fir Jonker, déi eng Schaff sichen: www.anelo.lu