Invitatioun op d’CSV-Summerfest

Fir d’Vakanz anzelauden a fir Merci ze soen fir Ären Engagement an der CSV, besonnesch och elo wärend de Walen, invitéieren de Parteipräsident Fränz Biltgen an de Generalsekretär Marco Schank Iech häerzlech op dat véiert Summerfest, och Wippefest genannt.

Summerfest 2009

Kommt an ameséiert Iech bei Gegrills a Fräibéier. Dëst vun 20.30 Auer un.

Mellt Iech w.e.g. bis e Méinden, den 20. Juli 2009 un, per E-mail : [email protected] oder um Telephon 22 57 31-1.

Ëm 19.00 Auer ass een extraordinäre Kongress fir iwwer de Koalitiounsprogramm respektiv d’Zesummesetzung vun der Regierung ofzestëmmen.

Dës Fest ass besonnesch och geduecht fir di vill Membren, di onentgeltlech a mat vill Asaz zum groussen Succès bei dëse Walen bäigedroen. Dofir biede mir Iech dës Frënn a fräiwëlleg Mataarbechter mat op d’Fest ze bréngen.